De franséische Publisher Ubisoft huet e Sonndeg déi nei Titele fir déi nächst Generatioun vun de Sony- a Microsoft-Konsole presentéiert.

Hei déi komplett Ubisoft Forward 2020 nach eemol fir e Rou nozekucken. D'Main-Show fänkt bei 1:28:17 am Video un.

Zu dësen neie Spiller gehéiert definitiv den neien Assassin's Creed Valhalla, dee jo vu enger Partie Fans dierft sehnsüchteg erwaart gëtt. An dësem Deel vun der Serie stinn dann dës Kéier d'Wikinger ganz am Mëttelpunkt vum Spektakel. (Release: 17. November 2020)

Watch Dogs Legion war dann e weidert Spill, dat vill Leit dierft interesséieren. Bei dëser Suite vun der bekannter Serie geet et ëm e Grupp vun Hacker, dee sech korrupten Organisatioune géigeniwwer stellt. (29. Oktober 2020)

An natierlech dierf och e neie 6. Deel vu Far Cry net feelen. Am Shooter wäert de Giancarlo Esposito, bekannt als "Gustavo Fring" aus Breaking Bad, eng wichteg Roll spillen.  (Release: 18. Februar 2021)

Ganz nei war dann d'Spill "Hyper Scape", engem Fortnite-änleche Battle-Royal Shooter.

Niewent enger Partie anere Spiller gouf et och e Goodie fir Tom Clancy-Fans. Kuckt bei eis de komplette Video.