Grad an Zäite vu Corona si Spiller esou gefrot wéi nach ni: Ob dat elo Gesellschafts-, Briet- oder Videospiller sinn.

Nei Accenten an Iddien an d'Welt vun de Familljen- a Gesellschaftsspiller bréngen: Dat war d'Zil vun enger Partie Spill-Kritiker aus dem däitschsproochege Raum, déi sech am Joer 1977 an engem Aarbechtsgrupp zesummegedoen hunn, aus deem de Veräin "Spiel des Jahres" entstanen ass. Vun 1979 un hu si all Joer op en Neits e Spill als dat beschte vum Joer ausgezeechent. Dëse Präis riicht sech net just u Spill-Spezialisten, mä un e breede Public. Well ee séier mol den Iwwerbléck iwwert déi grouss Offer verléiert, wëll ee Kleng a Grouss eng onofhängeg a kompetent Orientéierungshëllef ubidden an d'Leit dobaussen op eng Rëtsch interessant Spiller opmierksam maachen.

Bewäert ginn d'Iddi, d'Reegelen, de Layout an Design. Dëst Joer goufen eng 330 nei Produite vun de Kritiker genau ënnert d'Lupp geholl. 2020 ass d'Wiel schlussendlech op "Pictures" vum Daniela a Christian Stöhr (PD-Verlag) gefall. Mat Hëllef vu Spill-Cuben, Stréckelen a Symbolkaarte gi Foto-Motiver gebaut, déi op enger grousser Kaart vun den anere Matspiller mussen erkannt ginn. Bis zu 5 Persoune kënnen hirer Kreativitéit pro Ronn fräie Laf loossen. Kaschte mécht "Pictures" ëm 40 Euro.

An der Kategorie "Kennerspiel des Jahres" goung d'Auszeechnung un "Die Crew" vum Thomas Sing. Bei dësem Spill sinn Team-Geescht a Kreativitéit gefrot. Bei dësem Spill handelt et sech ëm eng Raumschëff-Crew, déi bei e Planéit um Enn vum Sonnesystem reese wëll.

2019 hat "Just One" vum Ludowig Roudy a Bruno Sautter gewonnen, virzejoert war et "Azul" vum Michael Kiesling. 25 Joer no senger Auszeechnung als beschte Spill vum Joer ass "Siedler von Katan" nach ëmmer bei der Spill-Communautéit beléift an zielt mëttlerweil als Klassiker ënnert de Gesellschaftsspiller.

Gesellschaftsspiller-Boom wärend Corona-Zäiten

Opgrond vum Teletravail an Home Schooling ass wärend de leschte Méint d'Nofro u Spiller immens geklommen. Wéi den Harald Schrapers, Virsëtzende vum Veräin, erkläert, wier den Ëmsaz vun der Branche ëm 25 Prozent an d'Luucht gaange wärend der Pandemie.

An enger sanitärer Kris wéi dëser si Briet- a Gesellschaftsspiller eng gutt Léisung, fir Extremsituatiounen ze meeschteren an e Batz Normalitéit an d'Familljeliewen ze bréngen.