Jiddereen, de Fann vu Nintendo ass, huet se kannt: D’Nintendo Directs. Ma déi kéinten eventuell geschwënn der Vergaangenheet ugehéieren.

An dësen Directs huet de japaneschen Hiersteller Nintendo a reegelméissegen Ofstänn nei Spiller virgestallt an och soss weider wichteg Informatiounen a Mesurë matgedeelt. Dës ware souwuel regional spezifesch, wéi och heiansdo spezifesch op ee Spill zougeschnidden.

Allerdéngs goufen Directs ëmmer an Echtzäit (Live) op der offizieller Website vun Nintendo oder op diverse Videoportaler, wie Youtube oder Twitch ausgestraalt. Ufanks 2012 goufen se duerchschnëttlech vu 600.000 Läit matverfollegt, mä an deene leschte Jore goufen se ëmmer méi beléift, soudass e puer Millioune Läit Directs live matverfollegt hunn. Dat ganzt hat sech därmoossen entwéckelt, dass Nintendo esouguer op der E3 op seng Directs zréckgegraff huet.

Mä zënter enger gewëssener Zäit rumouert et ëm des Directs an et hu sech ëmmer méi Rumeure breet gemaach, dass Nintendo an Zukunft keng Directs méi envisagéiere géif. D'Corona-Kris huet dunn dës Rumeure verstäerkt an zënter e Méindeg wësse mer méi.

E Méindeg huet Nintendo iwwerraschend eng nei Video-Serie mam Numm "Nintendo Direct Mini: Partner Showcase" an d’Liewe geruff. An dësem Format solle Partner-Studioen an -Publisher eng Méiglechkeet kréien, hir Spiller virun engem breede Public ze präsentéieren. Esou goufe beispillsweis e Méinden e Remake vu "Shin Megami Tensei: Nocturne" an eng Retailfassung vu "Cadence of Hyrule" ugekënnegt.

Et gesäit esou aus, wie wann déi klassesch Nintendo Dircects lues awer sécher ofgebaut wäerte ginn an duerch déi uewe genannte Showcasen an déi scho säit enger Zäit bekannten Treehouse-Events ersat géife ginn.

Dës schéngt objiddefalls esou, wann een dem Steve Singer (Senior Vice President of Publisher and Developer Relations bei Nintendo of America) senger Ausso Glawe schenken dierf:

"Mit diesem neuen Nintendo Direct Mini: Partner Showcase freuen wir uns, tolle Spiele unserer Partner-Studios und -Publisher ins Rampenlicht rücken zu können. Mit mehreren Präsentationen in diesem Jahr führen wir fort, die Breite an Spielen und die Vielfalt an Spielerfahrungen hervorzuheben, welche jedermann auf der Nintendo Switch erhalten kann."