Weltwäit goufen 2019 ronn 145,7 Milliarden US-Dollar mam Verkaf vu Videospiller gemaach. An de Marché wäert an deenen nächste Jore massiv weider wuessen.

Analyste schätzen, dass eleng de Wäert vu Mobile-Games bei ronn 65 Milliarden US-Dollar läit. Also méi wéi d'Film- a Museksindustrie zesummen.

An Experte ginn, wéi och schonn déi Jore virdrun dovunner aus, dass dëse Wuesstem net bremse wäert: 2023 geet een dovunner aus, dass iwwer 200 Milliarden Dollar mat Videospiller wäerte gemaach ginn.

Ënnert anerem de 5G, vun deem d'Gamer um Smartphone profitéiere wäerten an déi nei Konsolen, déi am Dezember erauskommen, loossen heirobber schléissen.

E wichtege Facteur ass awer natierlech och hei d'Corona-Pandemie. Wärend d'Industrie vu Fim a Musek deels extrem Aschränkungen haten, konnt de Secteur vum Gaming hei fräi floréieren, och wann e puer Spiller trotzdeem misste verréckelt ginn.