Videospiller hunn an der Corona-Kris e reegelrechte Boom erlieft.

Nintendo huet am Quartal vun der Corona-Kris de Gewënn verfënneffacht, e kënnt op ëmgerechent 1,16 Milliarden Euro. Dat ass duebel sou vill, wéi Analysten an sech erwaart haten.

Virun allem d'Nofro vun de Switch-Konsolen, sou wéi Spiller wéi "Animal Crossing" oder "Mario Kart 8 Deluxe" hu fir dës Rekord-Ëmsätz gesuergt. Am Lockdown ware jo d'Leit praktesch gezwongen, sech doheem ze beschäftegen.

Nintendo huet tëscht Abrëll a Juni 5,7 Millioune Switch-Konsole verkaaft. Wärend der Zäit vum Lockdown, war d'Konsol dann och extrem schwéier ze kréien, esou Nintendo.

Och Sony huet iwwregens profitéiert, dat awer méi mat de Spiller. Enn dës Joers kënnt jo och déi nei Konsol vu Sony eraus. Ma souwuel Nintendo, wéi och Sony ass et entgéint komm, dass och ëmmer méi Notzer hir Spiller online eroflueden.

Nintendo huet säin Ëmsaz bei den Download-Spiller konnte verdräifachen, an huet och vill nei Clienten doduerch kritt.