Virtuell wëll d'Uni an den USA d'Studenten nees op de Campus bréngen, dat mat Hëllef vum Videospill "Minecraft". Ma net jiddweree fënnt dës Iddi gutt.

Déi sozial Interaktiounen, déi op enger Uni natierlech wichteg sinn, sollen also virtuell nees zustane kommen. D'Studente sollen dofir de Campus vun der Héichschoul, déi virun allem duerch de reegelméissegen Update vun den aktuelle Corona-Zuelen sech international e Numm gemaach huet, am Spill Minecraft nobauen. Dat mellt de "Guardian".

All Student vun der Uni huet Accès op de Room am Spill a kritt alleguerten d'Miess-Daten, sou dass d'Uni méiglechst original nogebaut gëtt, dorënner d'Bibliothéik, Seminär-Reim an d'Entrée vum Gebai. Och dat traditionell "Hoptoberfest" soll am Spill Minecraft ofgehale ginn.

Et wéilt een de Studenten "Look and Feel" heembréngen, dat well Studente jo dat ganzt Semester wéinst der Pandemie doheem musse bleiwen.

Kritik vu verschiddene Studente gëtt et awer dach. Ënnert anerem wieren d'Reim vu maximal 30 Persounen ze kleng an et wier keng Alternativ, virun allem net fir Studenten déi dat éischte Semester ufänken.