Kuckt hei nach eemol de ganze Video vun der Opening Night 2020. D'Foire dauert bis e Sonndeg, 30. August, a geet mat enger "Best of-Show" op en Enn.

D'Show selwer konnt een och op der offizieller Homepage vun der Gamescom kucken, dat iwwert de "games now"-Kanal. Hei kritt een och weider Informatiounen iwwert a ronderëm d'Gaming-Foire.

Hei den offiziellen Trailer vun der Gamescom 2020:

D'Opening Night en Donneschdeg den Owend huet ronn 2 Stonnen gedauert a gouf aus Los Angeles live iwwerdroen, wéinst der Pandemie natierlech och hei ouni Public. Presentéiert gëtt d'Opening Night 2020 vum Geoff Keighley.

Am Ganze goufen 38 Spiller vun 18 verschiddene Publisher gewisen. Ënnert deenen 38 Spiller waren och e puer nei Spiller dobäi, ma de Gros waren awer wéi gewinnt éischter Updates vu Spiller, déi schonn um Marché sinn, respektiv schonn am Virfeld presentéiert goufen.

Hei eng Lëscht vun enger Partie Spiller, déi gewise goufen

- Age of Empires 3: Definitive Edition
- Call of Duty: Black Ops - Cold War
- Chorus
- Crash Bandicoot 4: It's about Time
- Destiny 2: Beyond Light
- DOOM Eternal: Ancient Gods
- Fall Guys - Season 2
- Lego Star Wars: The Skywalker Saga
- Little Nightmares 2
- Mafia: Definitive Edition
- Medal of Honor: Above and Beyond
- Ratchet & Clank: Rift Apart
- Scarlet Nexus
- Turrican
- World of Warcraft: Shadowlands

Hei eng kleng Auswiel u Publisher, déi dëst Joer bei der Gamescom wäerten dobäi sinn:

- Activision Blizzard
- Bandai Namco
- Bethesda
- Bungie Entertainment
- Daedalic Entertainment
- Devolver Digital
- Electronic Arts
- Factor 5
- Frontier Development
- Focus Home Interactive
- Gearbox
- Headup Games
- SEGA
- Sony Interactive
- Take-Two Interactive
- Ubisoft
- Warner Bro. Games
- Xbox Game Studios

Eng komplett Lëscht gëtt et hei!

Iwwregens gouf de Soundtrack vun der Gamescom dëst Joer vum Mike Shinoda vu Linkin Park geschriwwen.