Dës Awards goufe wärend der Opening Night en Donneschdeg den Owend verginn. Ma nach goufen d'Awards net all verdeelt...

Op der, wéinst der Pandemie, reng digital gamescom 2020, stinn déi éischte Gewënner vun den Awards fest.
A ganzer 7 Kategorien goufen d'Gewënner elo scho geéiert:

- Bescht Action Adventure-Spill: Watch Dogs Legion vun Ubisoft

- Bescht Action-Spill: Star Wars Squadrons vun EA

- Bescht Indie-Spill: Curious Expedition 2 vu Maschinen-Mensch

- Bescht Multiplayer-Spill: Operation Tango vu Clever Plays

- Bescht Sony Playstation-Spill: Cyberpunk 2077 vu CD Projekt Red

- Bescht Microsoft Xbox-Spill: Tell Me Why vu Microsoft

- Bescht Nintendo Switch-Spill: Little Nightmares 2 vu Bandai Namco

Virun allem Cyberpunk 2077 dierf sech fir nach weider Kategorien Hoffnung op e Präis maachen.
E Sonndeg 30. August 2020 ginn dann nach weider Awards verginn, dat a folgende Kategorien:

- Bescht Familie-Spill
- Bescht "Ongoing"-Spill
- Bescht PC-Spill
- Bescht Rennspill
- Beschte Remaster
- Bescht Rollespill
- Bescht Simulatioun
- Bescht Sport-Spill
- Bescht Stragie Spill
- Most Original Game
- Most Wanted Hardware/Technology

Dobäi kommen och nach d'Consumer-Awards:

- Best Announcement
- Best Lineup
- Best of gamescom
- Best Presentation / Trailer
- Best Show
- Best Streamer
- gamescom "Most Wanted"
- HEART OF GAMING Award