E bëllege Versuch, fir jonk Wielerstëmmen ze fänken oder dach eng Zort Walkampf vun der Zukunft?

Dass den US-Walkampf jo speziell ass, weess jiddereen. Net seele komme wärenddeem déi gréisste Skandaler an och déi eng oder aner peinlech Aktioun zum Virschäin. De Präsidentschaftskandidat vun den US-Demokraten, de Joe Biden, bréngt de Walkampf allerdéngs op eng ganz nei Schinn.

Dem Biden säi Walkampfteam huet um Dënschdeg véier virtuell Plakater verëffentlecht, déi d'Spiller op hire Grondstécker bei Animal Crossing kënnen opstellen. Fir un esou ee Walkampfschëld ze kommen, musse Spiller en QR-Code mat der Nintendo Smartphone-App fir d'Nintendo Switch scannen. Domat kann een dann elo och ganz "offiziell" virtuell Faarf zu sengem Liblingskandidat bekennen.

Wat sot Dir? E bëllege Versuch fir op jonk Wielerstëmmen ze goen oder dach eng Zort Walkampf vun der Zukunft? D'Demokraten haten nämlech opgrond vun der Corona-Kris vehement hir Walkampfaktivitéiten op déi modern Medie verlagert an hunn virun allem am Internet hir Presenz staark erhéicht.

Op alle Fall gehéiert Animal Crossing zu deene beléiftste Spiller vum Joer 2020 a säit senger Verëffentlechung am Mäerz gouf et nawell méi wéi 20 Millioune mol verkaaft. Dowéinst ass de Gedanken doriwwer Pub, fir sech selwer ze maachen, net aus der Loft gegraff a kéint esouguer Erfolleg verspriechen. D'Fro op den Donald Trump nozéie wäert, bléift allerdéngs oppen.