Laang war et nëmmen eng Rumeur, elo huet Microsoft offiziell confirméiert, dass d'Xbox Series X e klenge Brudder kritt. Och Launch steet elo fest.

No all de Leaks a Rumeuren ass d'Confirmatioun vun der Xbox Series S keng wierklech Iwwerraschung méi. Niewent dem grousse Brudder, wäert et also eng méi gënschteg Xbox Series S ginn.

Déi "kompaktsten Xbox vun allen Zäiten" soll "Next-Gen-Performance" liwweren, dat versprécht op alle Fall Microsoft. D'Konsol soll eng ugepassten NVMe-SSD mat 512 Gigabyte Späicher hunn, eng Opléisung vun 1440p mat bis zu 120 fps, ma och en Héichskaléieren op 4K soll méiglech sinn.

D'Series S wäert da keen internt Lafwierk hunn, Spiller mussen iwwert de Games Store op d'Konsol geluede ginn. Méi wéi 100 qualitativ Spiller versprécht Microsoft bei der Ukënnegung. Natierlech wäert d'Xbox Series X méi leeschtungsstaark ginn, ma dofir awer och 200 Euro méi kaschten. E genee Präis gouf fir d'Xbox Series X nach net genannt.

Erauskomme soll d'Xbox Series S den 10. November, d'Series x kéint eventuell de selwechten Dag op de Marché kommen, ma och dat ass nach net confirméiert.

Wéini Sony mat handfesten Infoe fir d'PS5 kënnt, ass nach offiziell net bekannt, ma et goufe Rumeuren, dass et e Mëttwoch News säitens Sony géife ginn. E britteschen Händler hat dat op Twitter gepost, de Post ass mëttlerweil awer scho geläscht.