Nach ginn et dem Co-Grënner Reed Hastings no keng konkret Pläng fir eng eege Produktioun. Et kéint een sech en Ausbaue vun der Plattform awer virstellen.

An engem Interview mat "Variety" huet de Reed Hastings eng Partie Froen iwwert d'Zukunft vu Netflix beäntwert, ënnert anerem op et Interet gëtt fir an de Beräich vum Sport an de Live-News z'expandéieren.

Beim Thema vun de News huet de Co-Grënner direkt ofgeblockt a betount, dass dat wuel keng Plaz dierft op Netflix fannen. Bei Sport, Gaming a "User-Gererated-Content" gesäit den Hastings awer duerchaus Potential, virun allem ebe kéint dëst e Marché fir Netflix ginn. Am Moment, a fir déi nächst Joren, géif een sech awer éischter op gréisser Filmer, Serien an Animatioune konzentréieren an och vill Geld erastiechen, eben an d'Kärgeschäft vun der Streaming-Plattform.

Wat awer scho sécher schéngt, ass datt Serien oder Filmer, déi op Videospiller baséieren, de Nerv vun den Zuschauer schéngen ze treffen. E rezent Beispill wier de Succès vun der Serie "The Witcher".

Vum 17. September un soll et dann eng Anime-Adaptatioun vum Spill Dragon Dogma ginn. En éischten Trailer gëtt et och schonn.

Ma et stinn awer och nach weider Adaptatiounen déi geplangt sinn, dorënner e "Beyond Good & Evil"-Film an eng "Splinter Cell"-Serie. Och "The Division" a "Resident Evil" sollen a Film oder Serie ëmgesat ginn.

Géifen dës Projete genee sou e Succès gi wéi "The Witcher", dierft de Fokus op de Beräich Gaming sech wuel nach méi konkretiséieren, respektiv op alle Fall de Gaming fir Netflix weider interessant maachen.