Dass mir an engem Zäitalter liewen, wou en Trend deen haut nach In ass, muer schonn Out ka sinn, ass ons allen wuel bewosst.

Dëse Phänomen ass virun allem duerch di helle Wull un neie Medien ze erklären. Besonnesch ervirgedoen hunn sech do an der leschten Zäit di modern Social-Media-Plattforme à la Twitter, Pinterest an Instagram. Mä och op Youtube gouf et an der läscht, deen een oder anere viralen Trend, deen d’Schlagzeilen op sech zeie konnt.

Dëst sinn Trends, wie React-Videon, ASMR-Videon oder virun en puer Joer, di (deemools) beléifte Prank-Videoen. An deene leschten Deeg verbreede sech an den déifsten Déifte vum Internet néi Gerüchter iwwert en Trend, dee viral kéint goen. Riets ass vun de Medieval-Cover-Museksvideoen. Wien elo mat engem grousse Fragezeiche virum Bildschierm setzt, fir dee sief fir Ofhëllef gesuergt.

Mat Medial-Cover mengt ee Museksvideoe vun haut, déi an en mëttelalterleche Stil gesat goufen. Spréch am Plaz vun enger E-Gittar héiert een eng Harf an am Plaz vu fatzegen Drumms, een Tamburin. Eng sëllege modern an och al Klassiker wéi Thunderstruck, Macarena oder Somebody That I Used To Know goufe schonns an deem Art-Style gecovert. Bei esou munchem Lidd gouf esouguer de Songtext ugepasst oder e gouf vun engem Chouer an engem gewësse mëttelalterleche Flair gesongen. Dës Coveren erfreeë sech un grousser Popularitéit bei der Internet-Community an hunn elo och d’Gaming-Community op sech gezunn.

Esou goufen elo eng sëllege Videospill-Lidder geremixed, an an dëse Stil gesat. Esou kann een sech elo beispillsweis unhéieren, wéi een am Mëttelalter wuel duerch d’Pilz-Kinnekräich gelaf ass oder wéi sech e Pokémon Center am Mëttelalter unhéieren huet. Mä och Lidder aus dem Halo-, Mortal Kombat- oder dem Undertale-Universum goufe schonns vum „Mëttelalter gecovered“.

Wat sot Dir? Eng Eintagsfliege oder wierklech en néien Trend, dee viral goe kéint. Loosst eis et wéi ëmmer gäre an engem Kommentar wëssen.

Beispiller vu sou Videoe ginn et vum Pokémon-Center, Super Mario, Halo, Mortal Kombat oder Undertale.