Am Playstation Showcase Livestream sinn d'Fans endlech handfest Detailer iwwert déi nei Konsol gewuer ginn...

Et steet also elo fest, d'Playstation 5 vu Sony wäert den 19. November 2020 erauskommen, dat eng Woch méi spéit wéi zum Beispill den amerikanesche Marché, wou d'Konsol schonn den 12. November erauskënnt.

Mam Präis läit een dann och an der ënneschter Lag, wéi ufanks ugeholl. D'Konsol mam Lafwierk wäert 499,99€ kaschten, d'Konsol ouni Lafwierk souguer nëmmen 399,99€.

A Punkto Spiller kruten d'Fans ënnert anerem Final Fantasy, de neie God of War Ragnarök (Release 2021), Deamon's Souls, Harry Potter Legacy oder Spider Man virgestallt.

Fir de Launch kréien dann och alleguerten d'Besëtzer vun enger Playstation 5 eng Playstation Plus Collection, also eng Sammlung u Premiumspiller, déi als Klassiker kënne consideréiert ginn.