7,5 Milliarden Dollar léisst sech dat Microsoft kaschten. D'Konkurrenz Sony soll " vu Fall zu Fall" och mat Titele begléckt ginn.

Microsoft wëll bei den nächste Bethesda-Spiller vu Fall zu Fall decidéieren, ob dës Titelen och fir aner Konsolen erauskommen. Hei gëtt awer geschat, dass Microsoft wuel éischter méi oppe wäert ginn a méi Spiller op laang Zäit wäert fir aner Konsole fräi ginn.

Et ass definitiv eng vun de gréissten Iwwernamen an der Geschicht vun der Spill-Industrie, do besteet keen Zweiwel. Microsoft kee souwuel "Bethesda", wéi och d' "id Software"-Firma "Zenimax" op. Hei steet vill um Spill, engersäits natierlech vill Geld fir den Deal ofzewéckelen, ma awer och eng Partie Spiller, bei deene Microsoft elo d'Rechter wäert kréien. Dozou ziele Spiller wéi Fallout, Doom, The Elder Scrolls, Dishonored, Wolfenstein an esou weider. Microsoft léisst sech de Spaass labber 7,5 Milliarden Dollar kaschten, ma stäerkt awer domadder och ganz geschéckt d'Abonnement vum Xbox Game Pass. D'Spiller vu Bethesda an id Software ginn natierlech do Deel vum Portfolio.

Wéi gesäit et awer fir PS5-Besëtzer aus, kënnen déi an Zukunft keng Spiller méi vu Bethesda spille kënnen? Sony ass jo bekannt dofir, Exklusiv-Spiller erauszebréngen, Microsoft dogéint setzt méi op de Game Pass a suivéier do eng aner Philosophie. Géigeniwwer Bloomberg huet den Xbox-Chef Phil Spencer scho confirméiert, dass Bethesda-Spiller fir Xbox, PC an "aner Konsole vu Fall zu Fall" erauskomme sollen.

Wéi et awer bei den nächsten Top-Spiller Starfield an natierlech de vill erwaarte Skyrim-Nofollger The Elder Scrolls VI steet, ass nach komplett onkloer a muss sech da mat der Zäit wuel weisen.

Ma wéi gesot, kuckt een sech reng d'Strategie vu Microsoft un, gëtt sech hei méi op de Game Pass fokusséiert. Sou kann et zum Beispill sinn, dass déi ganz grouss Blockbuster vu Bethesda um Release op der Plattform ugebuede ginn, dono awer da fir PS5-Besëtzer wäert accessibel ginn. Virun allem esou "grouss" Titele wäerte fir d'Next-Gen-Konsole jo bis zu 80€ kaschten, esou Sony.

Mat engem "Netflix fir Spiller" wëll Microsoft am Gaming laangfristeg e neie Wee goen, fir esou no de Pertë bei der Xbox One weider um Marché ze bestoen. An de leschte Jore goufen eng ganz Partie Studioe kaf, déi an Zukunft solle Contenu fir de Game Pass produzéieren. Mat EA gouf hei zum Beispill e wichtege Partner fonnt, dee mat Fifa a Sims och Deel vum Abonement gëtt.