Niewent beispillsweis d’NBA oder Wrestling, gëtt et och fir d’Golffans e sougenanntent 2k-Spill, wou een an d’Roll vun engem Profi-Golfer ka klammen...

Ween am reelle Liewe mol heiansdo gäre wëll de Golfschléier schwéngen, dee weess, dass dat fir den Normalbierger deels richteg frustrant kéint sinn. Sou ofliwwere wéi den Tiger Woods oder den Justin Thomas kënne wuel déi wéinegst. Ma virum Fernsee oder virum Computer-Moniteur kéint dat awer besser klappen. Mam neiste Spill „PGA Tour 2k21“ gëtt de Gamer mat an d’Welt vum Golf geholl a léisst dëse wéi d’Profien op de flottste Golfplazen op der Welt untrieden.

"Et gëtt eng ganz Partie Optiounen, mat deene mir souwuel Ufänger, wéi och Profien eppes ubidde kënnen. Du decidéiers wéi vill Hëllef dass de wëlls hunn a wéi realistesch deng Schléi am Spill simuléiert ginn. Dobäi kommen och Hëllefen, déi engem  weisen, wéi de Ball sech wäert verhalen oder wéi de Ball, den Terrain  oder de Schléier däi Schlag beaflossen."

(„We have a very wide range of customization options for difficulty that help cater to both beginner player and the advanced player. This ranges from difficulties of executing each shot and the forgiveness that is applied to visual aids that can be utiliezed, like put preview or pro vision, that helps you see the potential results of your shot based on the lie and elevation and even the club selection that you have.“)

Am Modus vun der Karriär trëtt een an 30 Eventer un a moosst sech mat anere Profi-Golfer. Gespillt gëtt op enger Auswiel un ënnerschiddleche Golfplazen, dorënner 15 Plazen, déi detailgenee fir d’Spill rekonstruéiert goufen: "Déi lizenzéiert Golf-Terraine goufe genee gescannt a gemooss fir alleguerten d’Nuancen z’erfaassen: Vun der Vegetatioun iwwert d'Gestaltung vum Buedem, d’Rulle vum Ball, bis hin zum Opbau vum Sandbunker an der Gréng-Fläch. Dës Date goufen am Spill mat zousätzlechen Detailer kombinéiert, wéi dem Entourage, den Zuschauer an den Tribünen."

(„The licensed courses in the game have undergone a very in depth skinning process that allows us to capture all the detailled nuances of the course from breaks in the green, how the ball rolls in the fairway and what it is like playing out of a bunker. The scan data is then transferred into the game by our 3D-Art-
Team and built on with the environment around, the playable surfaces and the event dressings from crowds, grand stands, hospitalities and more.“)

Am Online- Modus vu „PGA Tour 2k21 » kann ee géint aner Spiller untrieden, nei Kleeder oder Schleier kafen a souguer en eegene Golf-Level bauen, deen een dann online deele kann. Fir Golf- a Gamingfans ass dat Ganzt op alle Fall e "Must Have". Erauskomm ass d’Spill fir PC an alleguerten déi aktuell Konsolen.

Gewanne kënnt der d'Spill fir d'Nintendo Switch, dat op RTL.lu! Maacht einfach bei eisem Gewënnspill mat, a mat e bësse Chance, ka "PGA Tour 2K21" geschwënn Iech gehéieren!