Den 28. September 1990 ass den éischte Game Boy an Europa op de Maart komm. Mëttlerweil ass den Nintendo-Handheld ee Monument aus der Gaming-Geschicht.

Weltwäit goufe méi wéi 118 Milliounen Unitéite vun der portabeler Konsol iwwert 14 Joer verkaf. Entwéckelt vun Nintendo gouf d'Konsol schonn den 21. Abrëll 1989 a Japan op de Maart bruecht an den 31. Juli 1989 an Amerika. Europa misst ee Joer méi laang waarden, ier een och hei vun der deemools neier Technologie profitéiere konnt.

Um Datum vun der Sortie goufe 6 Spiller fir de Game Boy op de Maart bruecht. Tetris, Yakuman, Tennis, Super Mario Land, Alleyway a Baseball. Dat meescht verkaafte Spill fir de Game Boy bleift awer déi éischt Versioun vun der Pokemon-Serie, an zwar Pokemon Rout a Pokemon Blo, déi am Ganzen 31 Millioune Mol weltwäit verkaaft goufen.

D'Konsol gouf iwwert 14 Joer laang gebaut a verkaf, ier 2003 d'Produktioun op en Enn koum, fir dem Game Boy Advance, déi méi modern Generatioun, Plaz ze maachen.

De Game Boy gëllt als ee vun deenen Apparater aus den 90er Joren, deen een direkt erkennt an ass och mëttlerweil eng kulturell Ikon an der Gaming-Welt. Obwuel de Game Boy bei wäitem net déi éischt Konsol ass, déi ee kommerzielle Succès hat, huet si zu engem groussen Deel dozou bäigedroen, fir de Gaming op der ganzer Welt méi accessibel ze maachen, ënnert anerem wéinst sengem Präis, mä och well se sou praktesch ass, mat Batterien, déi bis zu 15 Stonne kënnen halen.

Ënnert anerem war de Game Boy och populär bei de Fraen. Am Joer 1995 gouf ausgerechent, dass 46% vun de Game Boy-Spiller Frae wieren. Am Verglach waren et bei anere Konsole manner, zum Beispill bei der NES (29%) a bei der Super Nintendo (14%).