Den 1. Oktober huet Nintendo de 77. Super Smash Bros Ultimate-Kämpfer virgestallt...

Dobäi handelt et sech ëm keen anere wéi de bekannte Standard-Charakter aus dem Minecraft-Universum, dem "Steve". Nom "Min Min" wäert hien den zweete Kämpfer aus dem 2. Fighters-Pass vum Spill sinn. De Charakter ka spéiderhi fir warscheinlech 5,99€ kaaft oder am Fighters-Pass, dee fir 29,99€ keefllech ze erwerben ass, virbestallt ginn. Doriwwer eraus, ass och elo scho bekannt, dass d’Spill ëm eng weider Kampf-Stage am Minecraft-Stil erweidert wäert ginn, an dass de Steve e puer alternativ Skins spendéiert wäert kréien.

Dorënner notamment den typeschen Zombie- an Endermann-Skin, wéi och déi weiblech Versioun vum Steve, d’"Alex". De Stage selwer daucht a verschiddene Stiler op, dorënner en "Ebene"-, en "Birkenwald"-, en "Savanne"-, en "Taiga"-, e verschneiten "Tundra"- an e "Felsküste"-Stil. De Steve dierf d’Bün vum Smash Bros-Universum vum 14. Oktober u betrieden. En plus wäerten de 14. Oktober och nach 6 weider Mii-Kostümer an den E-Shop kommen. Bei dëse Kostümer handelt et sech em Versioune vum Bombermann, Travis, Gil, Creeper, Minecraft-Schwäin an em eng Diamanten-Rüstung.

Zousätzlech huet d'Pokémon Company an dëser Woch e Video publik gemaach, an deem d'Entwéckler zuelräich Ukënnegunge gemaach hunn. An dësem Video ass et allerdéngs haaptsächlech ëm den 2. Deel vum Erweiterungspass "Die Schneelande der Krone" gaangen. Dësen DLC wäert den 23. Oktober am E-Shop erauskommen an downloadbar sinn. Iwwerdeems wäerten de 6. November physesch Versioune vun de Spiller "Pokémon Schwert" a "Pokémon Schild" an den Handel kommen, wou den Erweiderungspass vu vireran dobäi wäert sinn. Wien sech de ganzen Trailer eng Kéier ukucke wéilt, dee fënnt dësen hei.

Iwwerdeems goufen nach folgend Ukënnegunge gemaach:

  • Pokémon Home soll bis zum Joreswiessel mat Pokémon GO kompatibel gemaach ginn, esou dass een seng Pokémon vum Smartphone op d’Konsol transferéiere kann.
  • Ausserdeem wäerte Pokémonspiller am Dezember d’Chance hunn d’Pokémon Melmetal fir d’Nintendo Switch ze erwëschen. Dat bis dohi raarste Pokémon wäert domat fir bal all Spiller zougänglech gemaach ginn.
  • Vum 29. September bis zum 30. Oktober wäert Pokémon Company verschidden Download-Code publizéiere fir dass d’Spiller op der ganzer Welt sech divers Pikachuen mat ënnerschiddleche Kape vum ikoneschen Trainer Ash Ketchum downloade kennen.

Folgend Code goufe scho publik gemaach:

Pikachu - Original-Kap (Code: P1KACHUGET)

Pikachu - Partner-Kap (Code: 1CH00SEY0U)

Pikachu - Hoenn-Kap (Code: P1KAADVANCE)

Pikachu - Sinnoh-Kap (Code: Gëtt den 9. Oktober réischt verëffentlecht!)

Pikachu - Einall-Kap (Code: Gëtt de 16. Oktober réischt verëffentlecht!)

Pikachu - Kalos-Kap (Code: Gëtt den 18. Oktober réischt verëffentlecht!)

Pikachu - Alola-Kap (Code: Gëtt den 23. Oktober réischt verëffentlecht!)

Pikachu - Weltreise-Kap (Code: Gëtt den 30. Oktober réischt verëffentlecht!)

Domat net genuch, Canon huet ugekënnegt, eng spezial Editioun vun hirer beléiftener Direktbildkamera iNSPiC Rec op der Maart ze bréngen. Dobäi handelt et sech, wéi ze erwaarde war, ëm eng Pokémon-Editioun a verschiddenen Designs.