D'Post wäert mat 5G d'Cloud Gaming Plattform "Blacknut" ubidden

© POST Luxembourg
D'Post orientéiert sech ëmmer méi a Richtung Gaming, eppes dat een z.B. um Lancement vun der "POST eSport League" gesäit. Elo geet et e Schratt weider.
POST Telecom ass am Kader vum 5G-Reseau zu Lëtzebuerg e Partenariat mat der franséischer Cloud Gaming-Plattform "Blacknut" agaangen. "Blacknut" ass de weltwäite Leader am Beräich vum Cloud Gaming.
D'Post ënnersträich, dass d'5G Technologie am Beräich vum Cloud Gaming eng wichteg Roll wäert spillen. Domadder wier d'Post och den éischten Operateur an Europa, dee 5G Cloud Gaming an engem Land proposéiert. D'Post wäert vum 16. Oktober un also iwwert Blacknut iwwer 400 Spiller ubidden, déi kënne gestreamt ginn. Mat dëser Method ass et jo méiglech performant Spiller ze spillen, obwuel een net wierklech déi adaptéiert Hardware huet, also och op Smartphonen oder op enger SmartTV.
Teste kann ee Blacknut vum 8.-10. Oktober am Cactus zu Käerjeng a vum 22.-24. Oktober am Espace POST an der Belle Étoile.
Vum 16. Oktober un wäert an enger éischter Phas emol nëmmen d'Stad vum 5G-Netz profitéieren. Ufank 2021 sollen d'Regiounen ëm Ettelbréck an Dikrech mat abezu ginn. Am Laf vum Joer kommen dann déi gréisser Regiounen am Süde vum Land dobäi, sou wéi de Rescht vum Land.