Déi US-amerikanesch NBA ass déi mat Abstand beschte Basketball-Liga op der Welt. Wien hei spillt, gehéiert zu der Elite ënnert de Basketballspiller.

Zënter iwwer 20 Joer begeleet d’Videospill-Serie NBA 2k schonn déi US-amerikanesch Liga. Joer fir Joer verbessert sech hei natierlech d’Grafik, d’Beweegung vun de Spiller ginn ëmmer besser an d’Matcher lafe méi realistesch of. Zënter enger Zäitchen ass dann elo och deen aktuellen „NBA 2K21“ um Start.

NBA 2K21 - Reportage David Winter

D’Spiller kënnen am neisten NBA 2k21 alles, wat och schonn déi Spiller virdrun Normalitéit ginn ass, also mat senger Liblingsekipp ëm d’Coupe spillen, an Eenzelmatcher géint d’AI oder aner Spiller online untrieden, sech en eegene Spiller opbauen, dëse verbesseren, mat ëm trainéieren an sou wieder… Ma elo kann een awer och de Strand, sou den Eric Boenisch, den Executive Producer vum Spill.

„Ech sinn immens houfreg op de Strand, dee mer an de „MyCareer-Mode“ agebaut hunn. D’Spiller kënne sech online treffen, trainéieren, d’Kleedung auswielen oder a Matcher géinteneen untrieden. D’Virbild hei ass „Venice Beach“ e Strand, deen extrem vill Faarw huet an eenzegaarteg ass. D’Fans wäerte Gefalen dru fannen.“

Maacht mat bei eisem Gewënnspill a gewannt 1x NBA 2k21 fir PC!

Bei der Duerstellung vun de Spiller a vum Spillfloss hunn och dëst Joer d’Entwéckler nees eendeiteg eng Schëpp dropgeluecht. Wann de LeBron James dankt, de Stephen Curry en Dräier gehäit oder de Kevin Durant e Géigner blockt, gesäit dat nees e Stéck méi realistesch aus. E weidere staarke Punkt dëst Joer ass awer kloer de Story-Mode.

„D’Story vun dësem Joer heescht „The long shadow” an handelt vum Junior, engem jonke Basketballspiller, deen am Schied vu sengem Pap steet, dee selwer NBA-Profi war. D'Spiller erliewe wéi sech d’Karriär vum jonke Spiller entwéckelt, verännert a wéi hie sech op seng Karriär preparéiert. Et ass eng beweegend Geschicht, déi sech all Basketball-Fan nëmme kann un d’Häerz leeën.“

NBA 2k21 ass fir PC an déi aktuell Konsolen erauskomm a wäert och fir d’Next Gen-Konsolen, déi jo elo deemnächst erauskommen, publizéiert ginn.