An sech sollt den Datum vum Release jo net méi verréckelt ginn, ma CD Projekt Red huet et elo awer misste maachen.

De Release vum Spill ass dann elo den 10. Dezember, also 21 Deeg méi spéit, wéi elo am leschte Stand geplangt war. U sech sollt d'Spill jo den 19. November erauskommen.

CD Projekt Red huet sech dann och offiziell bei de Fans fir d'Verspéiden entschëllegt.