An der leschter "Nintendo Direct Mini - Partner Showcase" fir dëst Joer, huet Nintendo eng sëllegen néi Spiller fir d’Nintendo Switch ugekënnegt…

…dorënner ënner anerem "Surviving of The Aftermath", "Immortals Fenyx Rising", "Hitmann III", "Control an Part Time UFO".

Och goufen eng Rëtsch néi Traileren zu Spiller verëffentlecht, déi deemnächst an den Handel komme wäerten. Esou goufen nei Spill-Zeenen zu de Games "Bakugan: Champions of Vestroia", "Griftlands", "Tropico 6" an "No More Heroes 3" gewisen. Fir d'Fans vun der "No More Heroes"-Franchise war et iwwerdeems eng héchst erfreelech Direct, well Nintendo och public gemaach huet, dass Remake souwuel vun "No More Heroes 1", wéi och vun "No More Heroes 2" fir d’Nintendo Switch geplangt sinn, an dës och am Laf vun 2021 verëffentlecht wäerte ginn.

Ausserdeem huet Nintendo e weideren Ofleeër vun der "Story of Seasons"-Franchise ugekënnegt. D'Spill soll op den Numm "Story of Seasons: Pioneers of Olive Town" lauschteren an ee bëssen anere Spillprinzip wéi seng Virgänger suivéieren. Esou geet et des Kéier dorëms, säi Bauerenhaff vun Ufank un mat opzebauen, de Som fir d'Planzen an der fräier Natur ze fannen a sech seng Déiere selwer anzefänken a se ze domestikéieren, bezéiungsweis se an Notzdéieren ëmzefunktionéieren. D’Spill wäert de 26. Mäerz 2021 an de Regaler an online ze fanne sinn.

Doriwwer eraus huet Nintendo néi Traileren zum Spill "Bravely Default II" gewisen an deenen ënner anerem néi Charaktere virgestallt goufen. Mä och nei Spillelementer a Monstere goufe gewisen, soudass ee sech e gutt Bild vum Spill maache konnt. En plus gouf gesot, dass den Entwécklerstudio d’Kriticke vun der Demo-Versioun eescht geholl huet an divers Ännerungen am Spill dowéinst implementéiert huet. Zum Schluss krut d’Spill och nach e Release-Datum spendéiert. "Bravely Default II" wäert vum 26. Februar 2021 un an de Butteker stoen.

Um Schluss huet Nintendo néi Spill-Zeenen zu "Hyrule Warriors Age of Calamity" gewisen. Mä domat net genuch...: Direkt no der Direct, hunn d'Entwéckler eng Demo-Versioun vum Spill am E-Shop bereet gestallt. D’Leit, déi sech dës Demo downloaden, kënnen domat schonns zënter dem 28. Oktober dat éischt Kapitel vum Spill spillen an hire Späicherstand esouguer an dat fäerdegt Spill herno mat eriwwer huelen. "Hyrule Warriors Age of Calamity" kënnt den 20. November 2020 an de Grousshandel.

Hei de Video fir déi lescht Nintendo Direct op Youtube ze kucken!