An der Videospillwelt ginn et esou munch Figuren a Charakteren, déi wuel jiddwerengem en Begrëff dierfte sinn...

Esou misst all Mënsch scho méi oder manner Kontakt mam Mario vun de Super-Mario-Bridder gehat hunn oder mam Pikachu aus dem Pokémon-Universum. De bloen Igel Sonic dierft do keng Ausnam bilden. Allen dräi gehéieren se wuel zu de bekanntste Videospill-Charakteren vun allen Zäiten, mä et gëtt wuel kee Videospill-Charakter deen esou oft ausserhalb vun der Videospillwelt opgetrueden ass, wéi de schnellsten Igel vun der Welt.

Esou gouf et am Joer 1993 beispillsweis eng japanesch Futtballekipp, den JEF United Ichihara, déi mat Trikoten opgelaf sinn, wou een als Sponsor de Sonic an d'SEGA-Logo, d'Logo vun den Entwéckler a Publisher vun de Sonic-Spiller, konnt gesinn. Och op engem Formel-1 Auto konnt een de Sonic schonn des Ëfteren erblécken. Esou verwonnert et och net, datt säit 1990 eng sëllege Kino-Filmer, CD'en, Serien a Comic-Hefter zum bloen Igel op de Maart komm sinn. Och am Merchandise-Beräich huet SEGA kräfteg an hire bloen Igel investéiert, soudatt ee bis haut all méiglechen Artikel mam bloen Igel a senge Kolleege fanne kann. Am Joer 1999 koum SEGA dunn op déi verréckt Iddi de Sonic och an d'Bowling-Halen ze bréngen andeems se a Japan eng sëllege Bowling-Pisten am Sonic-Stil opgemaach hunn. Am Joer 2002 goufen esouguer Glécksrieder am Sonic-Stil en Serie hiergestallt an duerch d'Welt verschëfft. Et gouf deemno näischt wat d'SEGA mat hirem Maskottchen nach net probéiert hat.

Och hautdesdaags probéiert SEGA mat hirem Igel néi Weeër anzeschloen a léisst dobäi näischt aus. Esou sollen deemnächst Sonic-Spiller fir all Tesla-Auto op de Marché kommen. Domat soll een sech, zumindest der Firma SEGA no, beim Optanke vun den Elektro-Autoen d'Zäit besser verdreiwe kënnen andeems een op der Tankstell a sengem eegenen Tesla-Auto als Zäitiwwerbréckung Videospiller spille kéint. An och an d'Welt vun de Klemmbausteng huet den Igel et viru kuerzem gepackt an dat, zumindest wann ee LEGO Glawe schenken dierf, mat vollem Succès!

SEGA huet deemno mat hirem Maskottche schonn divers Weeër ageschloen. Deen kuriéisten dovun dierft wuel de Versuch sinn, de Sonic als Popcorn-Maschinn op de Maart ze bréngen. 1993 huet SEGA de SegaSonic-Popcorn-Shop hierstelle gelooss an dësen a ganz Japan verdriwwen. Des Maschinn stellt eng Kombinatioun vu Videospill a Popcorn-Maschinn duer. Nodeems een eng Mënz ageworf huet, huet d'Maschinn am Hannergrond ugefaangen de Popcorn hierzestellen, wärenddeem ee wärend der Waardezäit huet missen en Minispill op engem Bildschierm mam Sonic spille fir duerno iwwerhaapt un de Popcorn kënnen ze kommen. Nodeems een d'Minispill fäerdeg gespillt hat, dobäi war et egal ob ee gewonnen oder verluer huet, ass dunn eng separat Dier vun der Maschinn opgaangen an et konnt een sech säi Popcorn raushuelen. D'Maschinn konnt iwwerdeems dräi verschidden Zorte Popcorn hierstellen: Salzege Popcorn, Botter-Popcorn a Popcorn mat Curry-Goût. An enger éischter Instanz konnt Maschinn voll a ganz iwwerzeegen, mä den Hype huet an enger zweeter Instanz opgrond vun technesche Feeler schnell nogelooss, soudatt d'Maschinn am Joer 1995 schonn erëm vum Maart geholl gouf.

Dir gesitt, datt de Sonic domat scho bal alles an dëser Welt matgemaach huet. Et dierf een deemno gespaant sinn, wéi ee Wee SEGA an hire bloen Igel an Zukunft aschloe wäerten a mat wat fir Iddien se ons nach iwwerrasche wäerten!