Zënter ongeféier fënnef Joer, kënnen Trainer an Trainerinnen op der ganzer Welt mat Hëllef vu Pokémon GO op d'Juegd no de klenge Monstere goen.

Dat sech dobäi Niantic, den Entwéckler vum Spill, eng gëllen Nues verdéngt huet, dierft allerdéngs kee Geheimnis sinn. Duerch eng sëllegen Ingame-Verkeef ass Pokémon GO zum weltwäit erfollegräichsten an ëmsazstäerkste Mobile-Game avancéiert. Zudeem gëtt d'Spill nach reegelméisseg mat Updatë versuergt, soudatt een nach vun engem längerfristegen Erfolleg ausgoe kann.

Mä domat net genuch, sollen deemnächst Reklammen an d'Spill implementéiert ginn, fir de Gewënn ze maximiséieren. Obwuel dësen Ëmstand nach net vun Niantic bestätegt gouf, kann een dovunner ausgoen, datt de Leak der Wourecht entsprécht. Esou konnt eng Datamining-Grupp mam Numm PokeMiners erausfannen, datt an engem néien Update Reklammen aus der Google-Reklammebibliothéik geplangt sinn. Des Reklamme géife souwuel aus klenge Banneren, wéi och aus ganze Reklammenbléck bestoen.

Fans vu Pokémon GO si schockéiert an dreeën dem Entwéckler d'Spill ze läschen, well se déi angeeblech finanziell Ausschluechtung vum Spill net toleréiere wéilten.

Wéi gesäit et bei Iech aus? Spillt Dir nach Pokémon GO? Falls jo sidd Dir prett d'Spill och nach ze spillen, wann Iech sëllege Reklammen ugewise ginn oder gesitt Dir des Entwécklung als kriddeleg un? Loosst eis et wéi ëmmer wëssen!

RTL