Déi lescht Méint ware fir d'Gaming-Industrie relativ turbulent...

Diffaméierungsskandaler, Sexismusvirwërf, ëmstridde Finanzpolitik an Diskussiounen iwwer schlecht Aarbechtskonditiounen hunn e schlecht Liicht op eng gesamt Industrie geworf a fir hefteg Diskussiounen um ganze Globus gesuergt. Domat net genuch: sollten am Januar zwee grouss Videospill-Hiersteller a Publisher en gewaltegt Ausruffzeechen an der Welt vun de Videospiller setzen.

Esou huet Microsoft am Januar ee vun de bekanntsten a beléiftste Videospill-Hiersteller, Activision Blizzard, fir ganzer 69 Milliarden US-Dollar opkaaft. Sony hält dogéint duerch d'Opkafe vu Bungie. Fir 3,6 Milliarden US-Dollar ass Sony domadder e ganz gudde Coup gelongen an d'amerikanesch Entreprise konnt den Entwéckler-Studio vun den Destiny- an HALO-Spiller ënnert hir Fittiche huelen.

No dësen dach iwwerraschenden Evenementer stellt sech d'Fro, wéi et an der Videospillindustrie elo weider goe soll... Kafe béid Entreprisen an Zukunft nach méi Studioen op a féiert dat dann zwangsleefeg zu enger Monopoliséierung vun enger ganzer Industrie? A wéi gesinn aner grouss Entreprisen dës Entwécklung? Wëlle si elo och e Stéck vum Kuch hunn oder verzichte si op d'Opkafe vun onofhängege Studioen?

Op d'mannst Nintendo wëll keng Roll bei dësem Zirkus spillen. Op enger Pressekonferenz an där et majoritär em d'ekonomesch Entwécklung vum Betrib gaangen ass, huet den Nintendo-Präsident Shuntarō Furukawa Präis ginn, datt Nintendo an Zukunft net plangt, aner Studioen opzekafen. Laut eegenen Aussoe gleeft de Präsident net, datt d'Iwwerhuele vun anere Betriber zwangsleefeg gutt ass, souwuel aus ekonomescher Sicht wéi och aus der Sicht vun engem Videospillfan.

Nintendo géif och an Zukunft op d'Nintendo-DNA opbauen an si wéilten dowéinst kee Betrib iwwerhuelen, deen des DNA net vollstänneg integréiert hätt. Allerdéngs huet de Präsident och ze bedenke ginn, datt een d'Entwécklung vum Marché genee ënnert d'Lupp géif huelen a jee no Entwécklung sech och ëmentscheede kéint. Am Prinzip, esou de Furukawa, wier een der aktueller Entwécklung vum Marché allerdéngs net ofgeneigt. Fir d'Entreprise aus dem japanesche Kyoto gesäit et iwwerdeems finanziell och relativ gutt aus. Esou konnt d'Entreprise am drëtte Quartal en Nettogewënn vu ronn 2,84 Milliarden Euro erwirtschaften, soudatt Opkeef vun anere Betriber bis ewell och net néideg sinn.