An deene leschte Wochen hunn divers Investitiounen an Iwwername fir grouss Schlagzeilen an der Medielandschaft gesuergt.

Esou huet Microsoft Activison Blizzard opkaaft wärenddeem Sony en puer Deeg drop Bungie iwwerholl huet. Mä domat net genuch ass viru kuerzem en weideren Acteur op de Marché getrueden, dee gewëllt ass, vill Suen an d'Gaming-Industrie ze stiechen. Dobäi handelt et sech em d'Lant Saudi-Arabien. De Scheich-Staat soll laut dem Magasinn Bloomberg, wuel iwwert eng Milliard US-Dollar an d'Entreprisen Nexon, bekannt fir Online-Spiller, a Capcom, bekannt fir Street Fighter a Resident Evil, investéiert hunn. D'Suen kommen aus dem Public Investment Fund oder och kuerz PIF genannt, dem Staatsfong vu Saudi-Arabien. De PIF gehéiert mat engem Budget vun 320 Milliarden US-Dollar zu de gréisste Staatsfonge weltwäit a fungéiert allgemeng als Investitiouns-Ulaach fir d'Lant Saudi-Arabien. Esou sinn och scho vill Suen aus dem PIF an aner Videospill-Entreprisë wéi EA, Take-Two oder Activison Blizzard gefloss. Viru kuerzem huet de PIF schonns op sech opmierksam gemaach andeems hien d'E-Sports-Liga ESL opkaaft hat. Nieft der ESL gehéiert dem PIF elo och méi wéi 5% vun de Firme Capcom an Nexon a Wirtschaftswëssenschaftler stellen sech Froen, ob des Entwécklung sech net fréier oder spéider negativ op déi ganz Videospillindustrie auswierke wäert.

De Pif wénkt all negativ Kriticken of a behaapt datt des Investitiounen ouni Hannergedanken a just zu Verméigenszwecker geschitt wieren. Méiglech Iwwername wiere kee Motiv fir des Aktioun gewiescht.

Et bléift deemno ofzewaarden a wéi eng Richtung sech d'Gaming-Industrie entwéckele wäert.