Enger rezenter Etüd no, gi physesch Videospiller zu engem Nischeprodukt. Iwwerdeems géifen déi digital Verkeef rasant klammen...

Am technologeschen Zäitalter huet sech keng aner Domän esou schnell weiderentwéckelt wéi d'Videospillindustrie. Iwwert 3D, VR an AR gouf et näischt wat vun der Industrie nach net ausprobéiert gouf. Eng vun den wäertvollsten Innovatioune fir d'Industrie dierft allerdéngs den digitale Marché vun de Videospiller duerstellen, soudatt d'Mënschen net méi an en Geschäft musse goe fir sech en Spill ze kafen, mä datt si dat elo ganz gemittlech vun doheem aus kafen an downloade kënnen. Digital Spiller hunn net nëmmen de Virdeel fir de Consommateur, deen ëmmer an iwwerall Videospiller digital kafe kann, mä och fir d'Entwéckler selwer, déi doduerch hir Spiller mat engem vill méi klenge finanziellen Opwand op de Marché bréngen kënnen an domat de Maart méi schnell a konstant mat néie Produite versuerge kënnen. Schnell hunn sech dunn an der Zeen zwee Lager opgeschloen, déi sech allebéid entweder fir de Verkaf vun de physeschen oder vun den digitale Spiller agesat hunn. Mä kee wosst a wéi eng Richtung sech d'Industrie entwéckele wäert. Viru kuerzem huet sech eng US-amerikanesch Firma dësem Challenge ugeholl an huet an enger Etude analyséiert, wéi sech d'Kafverhale vun de Spiller an d'Verëffentlechunge vun de Publisher an dëser Thematik, zumindest an den USA, verännert hunn.

Beim Bléck op déi genee Zuelen huet den NPD Group eng kloer Tendenz festgestallt. Goufen am Joer 2018 ganzer 321 Spiller a physescher Form an den USA verëffentlecht, esou stoungen deem ganzer 1.362 Spiller an digitaler Form géigeniwwer. Des Schéier ass bis an d'Joer 2021 ëmmer méi grouss ginn, soudatt am Joer 2021 nëmmen nach 226 Spiller a physescher Form awer dofir 2.182 Spiller an digitaler Form op de Marché komm sinn. Domat ass d'Verëffentlechung vun digitale Spiller em 60 Prozent geklomme wärenddeem déi vun de physesche Spiller em 30 Prozent gefall ass. Am Diagramm hutt dir dës Entwécklung nach eng Kéier am Iwwerbléck:

RTL

Obwuel des Zuelen eng däitlech Sprooch schwätze muss een op dëser Plaz dorop opmierksam maachen, datt an der Etude net tëscht Indie-Spill a First-Party-Spill Ënnerscheed gouf. Esou fält nämlech op, datt et virun allem Indie-Entwéckler sinn, déi hir Spiller nëmmen digital ubidden an dëst haaptsächlech aus finanzielle Grënn fir d'Käschte fir d'Hierstellung an d'Verdreiwe vun de Spiller ze spueren. Grouss Entreprisen dogéint, wéi Nintendo, Capcom, EA oder Bandai Namco Entertainment géifen hir Spiller meeschtens esouwuel a physescher, wéi och an digitaler Form op de Marché bréngen.

Bei de Verkeef géif sech der NPD Group no och eng kloer Tendenz a Richtung digitale Spiller erauskristalliséieren. Allerdéngs missten do nach méi Analysen duerchgefouert ginn, well een opgrond vun de villen Indie-Spiller keng genee Ugaben diesbezüglech kéint ginn. Wärend den Trend soumat insgesamt rächt däitlech a Richtung digitaler Form ausfält, bedeit dat net, datt et an Zukunft keng Spiller méi a physescher Form wäert ginn. Villméi soll een hei och eng Parallel zur Museksindustrie zéien, wou et nieft de sëllegen Online-Streaming-Déngschter och nach Plattenbutteker a CD-Shope géife ginn. Esou géifen der Etude no d'physesch Spiller ni ausstierwen!

Wéi bewäert Dir dësen Trend? Denkt Dir datt et nach laang physesch Spiller wäert ginn oder kaaft Dir är Spiller och just nach digital? Loosst eis et wéi ëmmer mat engem Commentaire wëssen.