Am Oktober 2020 gouf EA, de Publisher vun der Fifa-Rei vun engem hollännesche Gericht zu enger Geldstrof a Milliounenhéicht verurteelt.

Dëst well am Spill Lootboxen implementéiert wieren, déi awer net kloer erkenntlech gemaach géife ginn. Gutt 17 Méint no dësem Urteel gouf d'Entscheedung vum Gericht gekippt, sou datt EA d'Geldstrof net méi bezuele muss. Virun zwou Wochen huet déi hollännesch Unitéit fir Verwaltungsgeriichtsbarkeet vum Staatsrot entscheet, datt dat ursprénglecht Urteel vum Geriicht zu Den Haag eng ongerechtfäerdegt Strof géif duerstellen an EA dofir keng Strof bezuele misst. Grond dofir sinn de stännegen Debat iwwert d'Lootboxen an d'Fro ob d'Lootboxen an de Videospiller ënnert d'Definitioun vum Glécksspill géife falen oder net. Falls Lootboxen, ergo d'Spillerpacks aus Ultimate Team, en Glécksspill géifen duerstellen, da bräicht EA eng Glécksspilllizenz fir hiert d'Spill verdreiwen ze kënnen.

D'Geriicht zu Den Haag huet zumindest des Meenung vertrueden an dowéinst EA zu enger méiglecher Geldstrof vun 10 Milliounen Euro verurteelt. Allerdéngs géif et sech laut der Unitéit fir Verwaltungsgeriichtsbarkeet, bei FIFA22 an dem Ultimate Team-System net ëm e Glécksspill handelen. FIFA22 wier an enger éischter Instanz eng Futtball-Simulatioun an där de Faktor Glécksspill souwuel eng Randerscheinung als och optional wier. Doduerch bräicht EA an dësem spezielle Fall keng Glécksspilllizenz a kéint hiert d'Spill an Holland weiderhi verëffentlechen a ganz normal verdreiwen.

Domadder ginn d'Boosterpacks aus Ultimate Team zumindest an Holland elo offiziell akzeptéiert an de Glécksspillfaktor an de Spiller zumindest deelweis legaliséiert. De Glécksspillfaktor dierf keen isoléiert d'Spill duerstellen, mä en muss op eng optional Aart a Weis an d'Spill implementéiert ginn, soudatt d'Spill ëmmer nach als "Skill-Game" bezeechent ka ginn, spréch als Spill, wou een duerch seng eegen Entscheedungen Afloss op de Spillverlaf kann huelen.

Wat haalt Dir vun dëser Entscheedung? Solle Lootboxen an de Videospiller méi staark ënnert d'Lupp geholl ginn? Soll all Spill mat Glécksspillfaktor direkt fir mannerjäreg Konsumenten a Konsumentinne verbuede ginn? Loosst eis är Meenung wéi ëmmer a Form vun engem Kommentar zoukommen!