An engem rezente Communiqué hu béid Entreprisë bekannt ginn, datt si den Nettoerléis vun zwou Wochen aus Fortnite spende wäerten.

Vill Videospillentwéckler an Entreprisen hunn, säitdeem de russesche Präsident Krich géint d'Ukrain féiert, sech solidaresch gewisen an d'ukrainesch Bevëlkerung duerch eng sëlleg Spendenaktiounen ënnerstëtzt. Epic Games a Xbox schléisse sech elo dësen Aktiounen un, andeems si den Netto-Erléis aus Fortnite spende wäerten.

Des Aktioun huet den 20. Mäerz ugefaangen a wäert den 3. Abrëll op en Enn goen. Bis dohi spent Epic Games sämtlech Recettë vu sengem Multiplayer-Hit Fortnite an och Microsoft wäert Recettë vu senge Fortnite-Verkeef op der Xbox spenden. Den Ament konnte bis ewell 70 Milliounen US-Dollar gesammelt ginn an et kann een dovunner ausgoen, datt bis den drëtten Abrëll nach e puer Milliounen dobäi komme wäerten. D'Sue selwer wäerten u véier Hëllefsorganisatioune goen, déi sech aktiv an der Ukrain mat der humanitärer Situatioun ausenanersetzen an op der Plaz der ukrainescher Bevëlkerung hëllefen. Bei dësen Organisatiounen handelt et sech ëm den Direct Relief, de United Nations Children's Fund (UNICEF), de United Nations World Food Programme (WFP) an d‘United Nations Refugee Agency (UNHCR).

Op dëser Plaz sief och nach eng Kéier dorop opmierksam gemaach, datt wierklech all Cent vun de Verkeef gespent gëtt an, datt een als Keefer net decidéiere kann, ob seng Sue gespent solle ginn oder net. De Choix, ob ee spende well oder net, gëtt deemno net gebueden.

Hutt Dir an dësen Zäitraum duerch Fortnite-Akeef de gudden Zweck ënnerstëtzt? Oder hëlleft Dir léiwer iwwert den direkte Wee? Dir kënnt ons är Meenung zu dësen Aktioune gären iwwert en Commentaire matdeelen!