Soundtracks aus Videospiller erfreeën sech weltwäiter Beléiftheet. Och d'Museksstécker aus dem Kirby-Franchise sinn do keng Ausnam.

Elo konnt ee Museksstéck aus engem Kirby-Spill esouguer en Grammy gewannen!

Méi wéi 25 Joer nodeems d'Spill Kirby's Fun Pak op de Marché komm ass, konnt elo ee Museksstéck aus dësem Spill en Grammy gewannen. Riets ass dobäi vum Lidd "Meta Knight's Revenge" wat am leschte Joer vun de Komponisten Charlie Rosen a Jake Slilverman mat Hëllef vun der 8-Bit Big Band néi opgeholl an opgeluecht gouf. Am November 2021 goufen si wéinst hirer Kreatioun fir de Grammy Award 2022 nominéiert, soudatt d'Kënschtler sech op enger Lëscht mat weltwäit bekannte Staren a Stärercher wéi dem Billie Eilish an dem Taylor Swift erëm fonnt hunn. Gewonnen hunn si de Grammy an der Kategorie „Best Arrangement – Instrumental or A Cappella

Allerdéngs ass et net déi éischt Kéier, datt en Museksstéck aus engem Videospill en Grammy ofraume kann. Dëst Konschtstéck war am Joer 2011 schonn dem Videospill Civilization IV gelongen. Och do gouf de Grammy an der uewe genannter Kategorie gewonnen. Iwwerdeems hunn d'Komponisten zesumme mat hirer Big Band mëttlerweil ganzer dräi Albume mat nei opgeluechte Museksstécker aus ikonesche Videospiller, dorënner ënner anerem aus The Legend of Zelda, Super Mario oder Final Fantasy, op de Marché bruecht. Dës Albume kann een op allen grousse Streaming-Plattforme lauschteren.

De Cover vum Stéck, dat de Grammy gewonnen huet, kënnt Dir Iech iwwerdeems hei nach eng Kéier unhéieren.