Am aktuelle Joresbericht huet Capcom ugekënnegt e puer firmen-intern Upassunge ze maachen, vun deenen déi eege MataarbechterInnen am meeschte profitéieren.

Esou soll hinne beispillsweis méi vum Firmen-Erfolleg ze gutt kommen.

Ab dem 1. Abrëll 2022, wat den Ufank vum Geschäftsjoer 2022 duerstellt, sollen sech d'Gehälter vun den a Japan ugestallte Mataarbechter a Mataarbechterinne jeeweils em 30% erhéijen. Doriwwer eraus soll an der Firma en Bonus-System etabléiert ginn, bei deenen d'Salariéen direkt vum Erfolleg vun der Firma profitéiere sollen. Dëse Bonus-System soll sech op verschidde Beräicher auswierken. Esou kéinten d'Salariéë souwuel mat Gehaltserhéijunge wéi och mat zousätzlechem Congé rechnen. Laut Capcom wéilt een esou deenen eppes zréckginn, déi maassgeeblech dozou bäigedroen hätten, datt d'Entreprise säit fënnef Joer non-stopp Benefice gemaach huet.

Zousätzlech huet Capcom wëlles d'Salariéen och an der Fortbildung z'ënnerstëtzen. Dëst entweder duerch finanziell Ënnerstëtzung oder duerch Fortbildungsofferen. Iwwerdeems huet een d'Personalabteilung ëmstrukturéiert, soudatt een sech elo erhofft, méi vun de Problemer an vun der Kritik vun de Mataarbechter a Mataarbechterinne matzekréien. Doduerch wéilt een d'Kommunikatioun tëscht Management a Workforce verstäerken a vereinfachen. Deemno sollen d'Salariéen op ganzer Linn besser a fairer behandelt ginn.

Wat haalt Dir vun dësen Entscheedungen? Denkt Dir, datt dat zu enger besserer Atmosphär am Betrib bäidroe wäert? Loosst eis et wéi ëmmer mat engem Commentaire wëssen!