Fans vun der Serie "Borderlands" dierften d’Tiny Tina schon zënter enger Zäit kennen. Ma d'Spill ass och fir Leit, déi d'Serie net kennen, derwäert.

Déi kleng, zimmlech duerchgeknallten Sprengstoff-Expertin suergt vir gewéinlech an dëse Spiller fir vill Chaos an natierlech grouss Explosiounen. Elo kritt d’Tiny Tina säin eegent Spill, dat awer an enger Welt vu Fantasy-Wiesen, Zauberei a Rollespill-Elementer. Den David Winter huet d'Spill ënnert d'Lupp geholl.

De Personnage vum Tiny Tina, ech mengen, dat kann ee mat Recht behaapten, ass  e wéineg verréckt. Ma warscheinlech genee dowéinst ass dëse Charakter awer sou beléift bei de Fans vun der Borderlands-Serie. Säin duerchgeknallte Verhalen an den eenzegaartegen Humor stiechen an dësem eegestännege Spill perfekt ervir.

E klenge Virgeschmaach? Tiny Tina selwer, dat nämlech dës Kéier am Numm vum Spill interviewt gouf, fënnt dat natierlech alles super: „Richtig, genau! Es ist mein Spiel und ich werde Euch so richtig die Hölle heiß machen. Ihr erkundet mein Reich voller wunderbarer Dinge – die Euch vielleicht auch manchmal den Kopf abbeißen wollen. Und wenn Ihr Euch geschickt anstellt, werde ich Euch mit Loot überhäufen; oder mit noch größeren Gegnern oder noch fieseren Monstern... Aber das überlege ich mir alles noch.“

Am Resumé an e wéineg méi verständlech… D’Spill kombinéiert d’Shoot- a Loot-Action déi ee vu Borderlands gewinnt ass mat Fantasy-Elementer wéi lusch Helden, Magie a verréckt Wiesen. D’Reegele selwer ginn awer vun der Haaptprotagonistin geschriwwen: „Also, ich will ja nicht zu viel verraten, aber ich habe mir da eine richtig tolle Geschichte ausgedacht: Ihr, also meine Heldengruppe, tretet an, um den fiesen, bösen, mächtigen, tyrannischen Dragon Lord aufzuhalten. Sagte ich schon, dass es Drachen in Tiny Tina’s Wonderlands gibt? Echte, fiese, große und schlecht gelaunte Drachen! Aber es gibt natürlich auch Beute, Schätze, Truhen, Geheimverstecke und und und...“

Tiny Tina’s Wonderlands ass fir Windows, Playstation an Xbox erauskomm a soll net nëmme Fans vun de Borderlands-Spiller begeeschteren. Mir verspillen d’Spill eemol fir d’Playstation 5.

Fir d’Spill an der limitéierter Next-Level-Edition mat e wéineg Chance ze gewannen, musst dir just bei eisem Gewënnspill matmaachen.