Nodeems Capcom virun engem Mount ugekënnegt huet, datt ee probéiere wéilt, d'Salariéeë méi an de Betrib z'integréieren, zéie Game Freak a Koei Tecmo no.

Esou huet GAME FREAK, den Entwéckler vun de Pokémon-Spiller, beispillsweis an Zukunft wëlles en néien Aarbechtszäiten-Modell op d'Been ze stelle bei deem d'MataarbechterInnen nëmmen nach véier Deeg an der Woch schaffe mussen. Des Offer soll fir méi Flexibilitéit op der Aarbechtsplaz suergen, d'Salariéë physesch a psychesch entlaaschte souwéi d'Leit zu engem méi intensive Familljeliewen encouragéieren. Des Offer ka vun all Salariée an Usproch geholl ginn, allerdéngs gëtt kee gezwongen dëst ze maachen. D'MataarbechterInne sinn ugehalen hier Präferenz all Mount op en néits eranzeschécken, soudatt een hir Wënsch dann och kéint ëmsetzen. Allerdéngs gëllt et ze beuechten, datt d'Salariéen, déi nëmme véier Deeg op d'Schaff kommen, och nëmmen 80% vun hirer Paie géife kréien. Esou kéint jidderee selwer de Choix treffen tëscht méi Fräizäit oder enger méi héijer Paie.

Koei Tecmo huet iwwerdeems wëlles d'Paie vun hire MataarbechterInnen ze erhéijen. No engem erfollegräiche Fiskaljoer wéilt een doduerch d'Salariéë fir hir gutt Mataarbecht belounen. Spiller wéi Atelier Sophie 2 oder Dynasty Warriors 9 Empires hätten sech an de vergaangene Méint esou gutt verkaaft, datt een dëse Merite a Form vun enger Lounerhéijung un d'MataarbechterInnen zeréck wéilt ginn. Esou sollen d'Paien ab Juni an der Moyenne em 23% Prozent bei all de Salariéë klammen. Zousätzlech géif een en Bonus-System am Betrib integréieren, bei deem d'MataarbechterInne bei fréizäitegem Areeche vun Ziler finanziell entlount solle ginn. Am grousse Ganze géifen d'Salariéen esou 525 Euro méi am Mount verdéngen. Ausserdeem gëtt d'Grondgehalt am Betrib op 2.090 Euro erhéicht, soudatt een de Betrib och fir jonk Leit souwéi fir Studenten a Studentinne wéilt schmackhaft maachen. Zesummefaassend géif ee probéieren d'Aarbechtskonditiounen esou gutt wéi nëmme méiglech ze gestalten.

Experte gesinn an dëse Reaktioune vun de Betriber eng Äntwert op déi rezent Virwërf an der Videospill-Industrie. Virwërf vu sexuellem Mëssbrauch, finanzieller Ausbeutung a psycheschem Drock hunn an de leschte Joren d'Gaming-Branche massiv gepräägt an hir en negativ konnotéiert Bild ginn. Mat dëse Mesurë géif sech, laut den Experten, déi lädéiert Zeen probéieren an en bessert Liicht ze réckelen.

Wat haalt Dir vun dësen Entscheedungen? Denkt Dir, datt dat zu enger laangfristeger Verbesserung an der Gaming-Branche bäidroe wäert? Loosst eis et wéi ëmmer mat engem Commentaire wëssen!