No Investissementer an Nexon a Capcom huet de Wüüstestaat Saudi-Arabien nees Onzommen an eng Videospillentreprise investéiert, dës Kéier an Nintendo!

De Public Investment Fund (PIF) hannert deem de saudi-arabesche Staat steet, huet rezent a vill Videospillentreprisen investéiert. Schonns 2021 huet de Wüüstestaat Undeeler vun Electronic Arts, Take-Two Interactive an Activision Blizzard kaaft. 2022 sinn dann Undeeler vu Capcom an Nexon dobäikomm. Domat besëtzt de PIF indirekt vill Muecht an der Videospillindustrie an ass zu engem staarken Acteur an därjéineger Zeen avancéiert. Allerdéngs hunn si bis ewell am Gaming-Beräich just an amerikanesch Entreprisen investéiert. Mä viru kuerzem huet sech des Attitüd geännert. Virun enger Woch gouf vu Bloomberg annoncéiert, datt de PIF an dësem Beräich fir d'éischt Kéier an en fernëstleche Betrib investéiert huet.

Riets ass dobäi vum japanesche Soft- an Hardwarehiersteller Nintendo. Esou sollen dem saudiarabesche Staat mëttlerweil ganzer 5,01% vum japanesche Betrib gehéieren. Domat wier de PIF de fënneftgréissten Investisseur vun der Aktiegesellschaft a kéint d'Entwécklung vum Betrib maassgeeblech prägen. Allerdéngs profitéiert de PIF och direkt vun dësem Investissement. Esou ass seng Valeur liquid onmëttelbar nom Investissement op 500 Milliarden US-Dollar geklommen.

Saudi-Arabien investéiert zënter en puer Joer reegelméisseg a verschiddenst Entertainment-Beräicher. Fir wat si allerdéngs esou an déi westlech Entertainment-Kultur investéieren, hunn si bis ewell nach net erkläert, mä vill Experten a virun allem Fans sinn des Investissementer net geheier. D'Experten op der enger Säit fäerten datt Saudi-Arabien indirekt de Marché manipuléiere kéint an d'Fans op der anerer Säit fäerte mat all Kaf indirekt de saudiarabesche Staat, an deem d'Mënscherechter net ëmmer un der Dagesuerdnung stinn, z'ënnerstëtzen.

Wéi gesitt Dir des Entwécklung? E Phänomen vum moderne Kapitalismus oder gesitt Dir doranner en aneren Hannergrond? Loosst eis et wéi ëmmer mat engem Commentaire wëssen!