De Gaming-Event an der Luxexpo The Box ass de Weekend gratis fir de Public. Hei treffe sech déi beschte Spiller aus Lëtzebuerg an aus der Groussregioun.

No Covid, kënne sech hei d'Gamer nees an engem gewinnte kompetitive Kader treffen a géinteneen untrieden, dat an engem Sall vu ronn 1000 m2, 200 Sëtzplazen an eng grouss Bün. An hei spillen sech d'Finallen an de Spiller "Rocket League", "FIFA22" a "Clash Royale" dann och of.

Et wäert dann mat 5 Lëtzebuerger, 8 Fransousen, 5 Däitscher an 2 Belsch och eng méi international Finall ginn. Duerchaus bekannte Nimm aus dem Esport, wéi Ciscinho, Shadoow, Abdoubrown oder och nach BlackPearl wäerten an der Finall vun den 3 Disziplinne vertruede sinn. An hei geet et natierlech net nëmmen ëm de Prestige, ma och ëm Präisgelder vun am Ganzen 20.000€ iwwert déi ganz Competitioun.

Ënnert de Visiteuren am Public, ginn dann och nach 3 Samsung Galaxy S22 Ultra verspillt wärend dem Event.

Sécher iech är gratis Entrée elo op postesportsmasters.lu!

Hei de Programm vun der Finall de Weekend vum 25. a 26. Juni 2022

SAMEDI 25/06

10:00 - 14:30 / Finales FIFA22
15:00 - 19:00 / Finales Clash Royale

DIMANCHE 26/06

10:00 - 18:00 / Finales Rocket League

POST Esports Masters kuerz erklärt

FIFA 22

Format: 1vs1 Saison vum 24/01/2022 bis de 27/02/2022
Finallen: 25/06/2022
Finalisten: Shadoow (BEL), LouixLux (LUX), Abdoubrown (FRA), Ciscinho (LUX)

Cash Prize : 5 000€

CLASH ROYALE

Format: 1vs1 Saison vum 14/03/2022 bis de 17/04/2022
Finallen: 25/06/2022
Finalisten : BlackPearl (ALL), Xene (FRA), Pitou (FRA), Thaddeus (ALL)

Cash Prize : 6 000€

ROCKET LEAGUE

Format: 3vs3 Saison vum 02/05/2022 bis de 05/06/2022
Finallen: 26/06/2022
Finalisten: Rift Sloths (LUX), Minkz (ALL), Team Luxembourg (LUX), Aller Le Foot (FRA)

Cash Prize : 9 000€