En halleft Joer nom ëmstriddenen a kritiséierte Fräisproch vum Kyle Rittenhouse, kënnt elo e Videospill vun him op de Marché.

2020 hat hie bei Anti-Rassismus-Protester 2 Demonstranten erschoss a gouf awer virun engem hallwe Joer fräi gesprach, eppes, dat jo vir vill Kritik an Opreegung an den USA gesuergt hat.

Am Spill geet drëms Schnuddelhénger ofzeschéissen, esou US-Medien. Op den Déiere selwer steet deelweis "Fake News", Haaptfigur vum Spill ass eng Comic-Versioun vum Rittenhouse.
Mam Geld dat hei erakënnt, wéilt hie gäre "lénk Medienorganisatiounen" wéinst der Berichterstattung iwwert hien, verkloen. D'Spill soll knapp 10 Euro kaschten a kann bis ewell nëmme virbestallt ginn.