Mëttlerweil ginn et schonn eng ganz Rëtsch un LEGO-Sets, déi speziell d'Häerzer vun den Nintendo-Fans an d'Luucht schloe loossen...

Esou gesellt sech vun Oktober un, nieft dem LEGO-SNES an dem LEGO-Question-Block, e weidert Set zu dëser Gamme dozou!

De Kinnek vun de Koopas, de Bowser wäert vum 1. Oktober u fir 269,99€ als LEGO-Set ze kréie sinn. De Bausaz wäert 2.807 Stécker ëmfaassen an d'Figur selwer wäert, wann se fäerdeg opgebaut ass, ganzer 32 Zentimeter héich sinn.

Dat Besonnescht ass iwwerdeems, datt d'Figur d'Äerm an d'Been beweege kann, soudatt d'Figur net nëmme statesch am Regal stoe bléift, mä datt een och mat hir interagéiere kann.

Doriwwer eraus kann de Bowser mat anere LEGO Super Mario-Startersets interagéieren.

Hei gesitt dir Biller, wéi d'Figur ausgesäit:

RTL

© Lego

RTL

© Lego

Zum aktuellen Zäitpunkt kann de LEGO-Bowser nach net virbestallt ginn, allerdéngs geet een dovunner aus, datt nach an dësem Mount iwwert d'Website vu LEGO virbestallt wäert kënne ginn.

Ausserdeem huet LEGO schonn ugekënnegt, datt een de Bowser just iwwert den Online-Shop kafe kann oder an enge vun den offizielle LEGO-Filialen. An anere Geschäfter souwéi bei den offizielle LEGO-Distributeure wäert een d'Figur deemno net ze kafe kréien.

Gefält iech de Bowser an iwwerleet dir iech en zouzeleeën? Loosst eis är Meenung gären an de Kommentaren zoukommen!