Den italieneschen Traditiounsclub kann no laanger Abstinenz rëm an engem Fifa-Deel gespillt ginn.

Dräi Joer hunn d'Unhänger vun der aler Damm misse waarden, fir erëm hire Club an der beléifter Sport-Simulatioun spillen ze kënnen. Dëst nodeems dëse seng Lizenzen un den Hiersteller Konami verkaaft hat. Mä elo ass et nees esouwäit! En Méinden hunn souwuel d'Juve wéi och EA Sports bekannt ginn, datt allebéid eng exklusiv Partnerschaft agaange sinn, déi och fir en puer Joer gëlteg ass.

Dës Partnerschaft bréngt elo mat sech, datt ee rëm am richtegen Allianz-Stadion spille kann, souwéi och mam richtege Logo a mat de richtegen Trikoten. Doriwwer eraus géif een, fir d'Partnerschaft ze feieren, och den eemolege Juve-Spiller Claudio Marchisio als FUT-Hero an d'Spill implementéieren. Weider gouf bekannt gemaach, datt EA sech och d'Lizenz fir déi nei Spill-Rei "EA Sports FC" geséchert huet. Dowéinst wäert d'al Damm och an Zukunft an de Futtball-Simulatioune mat vun der Partie sinn.