Nodeems den 18. Mäerz schonn aacht nei Strecke verëffentlecht goufen, wäerten en Donneschdeg de Rommele-Cup an de Propeller-Cup am Spill publizéiert ginn.

Esou kënnen d'Fans vum beléifte Fun-Racer vun en Donneschdeg un am Rommele-Cup op de Strecken New-York-Speedway (Mario Kart Tour), Marios Piste 3 (Super Mario Kart), Kalimari-Wüste (Mario Kart 64) a Waluigi-Flipper (Mario Kart DS) Vollgas ginn. Weider gi follgend Strecken am Propeller-Cup verëffentlecht: D'Sydney-Spritztour (Mario Kart Tour), d'Schneeland (Mario Kart Super Circuit), d'Pilz-Schlucht (Mario Kart Wii) an d'Eiscreme-Eskapade, dat eng komplett nei Streck ass.

Bis Enn 2023 sollen a weideren Etappen nach 32 Strecken am sougenannte Streckepass vun Nintendo verëffentlecht ginn. Dëse Streckepass ass weiderhi fir 24,99€ am Nintendo E-Shop ze kréien. Leit, déi de Switch-Online-Erweiderungspass hunn, kënnen dës Pisten ouni ufalend Käschte fir näischt spillen.