Nodeems et am Joer 2021 schonn exklusiv Pokémon-Kaarten an de McDonald's-Filiale gouf, kommen am Joer 2022 nees weider Kaarten op d'Fans duer.

Esou sollen et 15 verschidde Kaarte ginn. Bei dëse Kaarten handelt et sech allerdéngs ëm "Reprints", dat heescht ëm Kaarten, déi et schonn eng Kéier gouf, déi awer nees an enger neier limitéierter Oplag op de Marché kommen. Fir d'Kaarten all ze kréien, muss een awer e groussen Honger matbréngen. Pro "Happy Meal" kritt ee just ee Set mat 4 Kaarten. Sammler, déi hir Kollektioun wëlle komplettéieren, mussen deemno eng grouss Ausdauer un den Dag leeën.

Am Vereenegte Kinnekräich sinn d'Kaarten iwwerdeems schonn ze kréien. An Däitschland soll d'Aktioun no engem Schreiwes vu McDonald's no deemnächst ufänken, wougéint een an Éisträich d'Kaarte vum 25. August u kréie kann. An der Schwäiz wäert d'Aktioun mat de Kaarten och Enn August lancéiert ginn. Op een d'Kaarten och an de McDonald's-Filialen am Grand-Duché kréie wäert, ass iwwerdeems nach net gewosst.