Dëst huet eng representativ Etüd vum däitschen Institut Bitkom erginn, déi dës en Dënschdegmoien zu Berlin verëffentlecht huet.

Der Etüd no géife bal 90 Prozent vun de Jugendlechen tëscht 10 an 18 Joer deeglech um Computer, um Handy oder op der Konsol Videospiller spillen. An der Moyenne géifen déi Jonk 2,5 Stonnen den Dag virum Bildschierm sëtzen. 70 Prozent vun de Jugendleche géifen dobäi méi wéi eng Stonn den Dag an de virtuelle Welte vun de Videospiller verbréngen.

Doriwwer eraus géife genee esou vill Meedercher Videospiller spille wéi Jongen. Et ass fir d'éischte Kéier zanterdeem esou Statistike gemaach ginn, datt dëst de Fall ass. Ee vun de wéinegen Ënnerscheeder, deen ee bei de Geschlechter nach kéint feststellen ass, datt d'Jongen an der Moyenne eng hallef Stonn méi laang spille géife wéi d'Meedercher.