Vill Leit kennen dës Situatioun: Et keeft ee sech e Spill op dat ee sech éiweg gefreet huet an da kann een et net spillen, well ëmmer eppes dotëscht kënnt.

De sougenannte "Pile of Shame" setzt sech aus de Videospiller zesummen, déi ee sech iergendwann eng Kéier zougeluecht, se uschléissend awer net méi ugepaakt huet. D'Statista an Däitschland huet elo 1.045 Gamer am Alter tëscht 16 a 64 Joer gefrot, wéi grouss hire "Pile of Shame" ass, an erausfonnt, datt déi Meeschte vun ons dat eent oder anert Spill an der Sammlung hunn, wat nach net gespillt gouf.

D'Resultater vun der Ëmfro sinn dobäi duerchaus interessant. Nëmme 24 Prozent vun de Gamer hu gesot, datt si kee Spill an der Sammlung hunn, dat si nach net gespillt hätten. Ronn 30 Prozent hunn dogéint uginn, datt si tëscht engem a véier Videospiller besetzen, déi den Ament nach dorop waarde géifen, fir gespillt ze ginn. Bei 12 Prozent vun de Leit sinn et tëscht 5 an 9 Spiller. 13 Prozent vun de Gamer hunn tëscht 10 an 49 Videospiller an der Sammlung, déi si nach net ugepaakt hunn. Bei 4 Prozent vun de Befrote sinn et 50 bis 99 Spiller an 3 Prozent vun de Leit si ganz besonnesch Sammler. Si hunn méi wéi 100 Spiller doheem leien, déi nach net gespillt goufen.

Ënnert dësem Link, kënnt Dir Iech nach eng Kéier déi ganz Statistik ukucken.