Dass "Léieren duerch Spillen" net nëmmen ee Grondsaz ass, dee fir Kanner gëllt, weist de Jérôme Lulling mat sengem neie Spill "D'Haus vum Jérôme".

De Plot vum Spill ass simpel: De Jérôme wunnt an engem Haus mat 6 Zëmmeren an an engem vun deene 6 Zëmmere läit säin Handy. Dem Spiller säin Zil: Den Handy, souwéi och de 6-stellegen Handyscode fannen. Dëst, andeems en eng Rei Rätsele léist, respektiv aner Coden a Passwierder sammelt.

De ronn 25 Minutte laangen Text- a Grafiksadventure soll dem Spiller dobäi hëllefen, fir Lëtzebuergesch ze léieren. Trainéiert ginn dobäi ënner anerem grammatikalesch Aspekter wéi trennbar Verben oder Wiesselprepositiounen. Nieft dem Liesverständnes kann awer och d'Héierverständnes geüübt ginn. Heifir sinn am Spill eng Rei Audio- a Videodateien mat agebaut.

An de Portmonni gräifen oder eppes eroflueden an installéiere muss ee fir "D'Haus vum Jérôme" net. D'Spill ass gratis a ka ganz einfach um Webbrowser gespillt ginn, egal ob PC, MAC, engem Smartphone oder Tablet.

Einfach www.haus.exercice.lu besichen, op "Spill starten" klicken a scho geet et lass.