Eng ganz Ekipp nëmme mat Roude Léiwen? Dëst Joer ass dat nees an der Futtball-Simulatioun FIFA 23 vun EA méiglech! D'Lëtzebuerger si gutt vertrueden.

All Joer kënnt en neie FIFA-Deel op de Marché an d’Fans waarden all Kéiers op en Neits gespaant op d’Bewäertunge vun hire Liblingsspiller an Ekippen. Dëst Joer hunn et besonnesch vill Lëtzebuerger an d’Simulatioun gepackt, soudatt et fir déi 2. Kéier hannertenee méiglech wäert sinn, eng komplett Lëtzebuerger Formatioun am Karriär-Modus, souwéi op Ultimate Team zesummenzestellen.

Deen am beschte bewäerte Lëtzebuerger Spiller ass dëst Joer den Anthony Moris (Royale Union Saint-Gilloise). Hie krut vun EA eng Gesamtstäerkt vu 74 spendéiert.

De Leandro Barreiro Martins (FSV Mainz 05) huet iwwerdeems eng Bewäertung vun 73 krut. Domadder huet hie sech am Verglach zu FIFA 22 ëm eng Stäerkt verbessert.

De Maxime Chanot (New York City FC) ass iwwerdeems bei senger 72 bliwwen, genee esou wéi de Gerson Rodrigues (Al Wehda).

Eng Stäerkt vu 70 kruten de Sébastien Thill (Hansa Rostock) an den Danel Sinani (Norwich City) zougeschriwwen. De Mica Pinto, deen aktuell fir Sparta Rotterdam spillt, krut eng 67 zougeschwat, genee wéi de Laurent Jans, deen d’Faarwe vu Waldhof Mannheim vertrëtt.

De Brudder vum Sébastien, de Vincent Thill, dee fir AIK Solna spillt, ass och am Spill vertrueden. Hien krut vun EA eng Stäerkt vu 65. De Marvin Martins (FK Austria Wien) krut déi nämmlecht Stäerkt vun EA zougeschwat.

Mä och eng sëllege Jugendspiller sinn am Spill vertrueden. Esou kann een och mam Yvandro Borges Sanches (Borussia Mönchengladbach) a mam Mathias Olesen (1. FC Köln) spillen, déi eng 63, respektiv eng 59 hunn. Och den Eldin Dzogovic (1.FC Magdeburg) mat enger 58 ass am Spill erëmzefannen.

De Ryan Johansson (FC Sevilla), deen am Spill als Ir gehandelt gëtt, ass och am Spill mat enger 60. Den Dany Mota Carvalho, deen d'Faarwe vum AC Monza vertrëtt an am Spill als Portugis gehandelt gëtt, huet eng Wäertung vu 74.

Net méi dobäi am Verglach zum leschte Joer sinn de Maurice Deville, den Dirk Carlson, den Tim Kips, den Timothé Rupil, de Lars Gerson an de Christopher Martins.