Mat Stadia wollt Google de Marché revolutionéieren: Ouni deiere Computer an ouni super Grafikkaart, sollte Gamer all Videospill via Cloud spille kënnen.

En Donneschdegowend huet Google matgedeelt, datt am Januar 2023 d'Servicer vu Stadia ofgeschalt ginn. Domadder gëtt den Déngscht nodeems en am November 2019 online gesat gouf, no e bësse méi wéi 3 Joer ofgeschalt. D'Ursaach, fir datt den Déngscht offline geet, ass de feelenden Interessi vun den Notzer. Et hätt een op Säite vu Google gemierkt, datt net méi vill Notzer op Stadia zréckgräife géifen an datt d'Clienten, déi de Service fréier méi dacks genotzt hunn, elo och ëmmer manner iwwer Stadia spille géifen.

Nom 18. Januar sollen d'Notzer vum Service net méi op hir Bibliothéik mat de Spiller zougräife kënnen. Deemno kéinten si hir Spiller vun deem Zäitpunkt un och net méi spillen. Aus dësem Grond, kënnen d'Spiller och mëttlerweil keng Spiller méi am Stadia-Store kafen. Iwwerdeems géif Google fir Leit, déi a speziell Offeren am Shop investéiert hunn, souwéi vereenzelt Spiller kaaft hunn, eng Remboursement-Aktioun starten. Wéi eng Spiller an dëser Aktioun enthale sinn, gouf vu Google allerdéngs nach net kommunizéiert.