Fir den neien NBA 2k23 kann een 15 vu sengen exceptionellste Matcher a senger Karriär nospillen an nach eemol materliewen.

NBA2k23 Michael Jordan - Rep. David Winter

De Michael Jordan, do ass een sech zimmlech eens, ass eng Basketball-Legend wéi se am Buch steet. Seng Karriär war wéi keng aner, mat senger spektakulärer Spillweis a senge sechs Championstitelen an den 90er-Joren gouf hien zu der Legend, wéi vill Fans se haut an Erënnerung hunn. An der NBA 2K-Serie vun dësem Joer kënnen d’Gamerinnen an d’Gamer eng Partie vu senge bedeitendste Momenter a senger Sportlerkarriär erliewen an ebe selwer nospillen. Den David Winter aus der Online-Redaktioun huet sech d’Spill ugekuckt.

Wéi presentéiert een d’Karriär vun engem Sportler, dee vill Leit fir dee beschte Basket-Spiller vun allen Zäiten halen? Fir den neien NBA 2k23 huet een dofir déi 15 exzeptionellste Matcher vum Michael Jordan senger Karriär ausgewielt an an déi sougenannten "Jordan Challenge" gepak. Den Executive Producer vum Spill, den Erick Boenisch:

„Recreating the Jordan Challenge was an incredible undertaking for the team here. We spent all year trying tocome up with video filters that make it look and feel like you're playing the games in 1985 and 1996. Werecreated all these heads of older players, all the arenas and court floors. And, you know, Phil Jackson said,everything is correct to the time period the games were played in.“

Ma niewent der Jordan-Challenge bitt d’Spill en neie Storymode, sämtlech Ekippen aus der NBA an der WNBA, de MyManafer-Mode a weider Méiglechkeeten, sech baussent an um Terrain z’amuséieren. An natierlech dobäi si vill Optiounen zu puer ze spillen, also am Multiplayer: „If you go into MyTeam Mode there are three, four, five, six different modes that offer multiplayer competitive play. If you go into MyCareer Mode and make your way to the city, online where you can play with current NBA teams against other users. The list just goes on and on. We have an incredibly large game catering to all different types of fans and I think that is easily the biggest strength of NBA2K23.“

Zënter dem 9. September 2022 ass d’Spill an de Geschäfter ze kréien, dat fir Playstation, Xbox a PC.

Mir verspillen d’Spill an enger limitéierter Edition fir d’Playstation 5. Dofir einfach bei eisem kuerze Quiz matmaachen a mat e wéineg Gléck kritt der d’Spill dann heem geschéckt.