Den Numm Atari spillt schonn zënter 50 Joer eng wichteg Roll an der Welt vun de Videospiller. An de 70er Jore war de Betrib e Pionéier an der Gaming-Welt.

Dëst, well de Betrib aus Amerika dunn dat allsäits bekannte Videospill "Pong" op de Marché bruecht huet an domadder ganz Generatioune gepräägt huet. An de follgende Joren huet Atari och weider Videospillklassiker verëffentlecht an och eege Konsolen, déi virun allem fir Nintendo, Sega, Sony a Microsoft spéiderhi wichteg Inspiratiounsquelle waren, op de Marché bruecht. Als richtege Videospillfan souwéi Videospillnostalgiker kënnt een deemno net ronderëm de Betrib Atari.

Den originalen Atari-Betrib aus Amerika gëtt et zënter e puer Joer net méi, mä eng franséisch Entreprise huet sech d'Markerechter vum amerikanesche Betrib kaaft a kann deemno Spiller aus der deemoleger Zäit verëffentlechen. Genee dëst huet Atari SA, esou den Numm vum franséische Betrib, och fir de 50. Gebuertsdag vun der éischter Atari Konsol wëlles.

Esou ass an Zesummenaarbecht mam renomméierten Entwécklerstudio Digital Eclipse d'Spillsammlung Atari 50: The Anniversary Celebration entstanen. An dëser Kollektioun wäerten d'Fans vun Atari Zougrëff op méi wéi 100 al Atari-Spiller kréien, souwéi op eng interaktiv Geschicht iwwert de Betrib, wéi och op Interviewe mat deemolegen Entwéckler a Publisher.

D'Spill soll dobäi fir de PC a fir d'Nintendo Switch souwéi fir déi aktuell Konsole vu Sony a Microsoft erauskommen an 39,99€ kaschten. Viru kuerzem gouf och d'Lëscht vun de Spiller, déi an der Kollektioun spillbar wäerte sinn, verëffentlecht. Dës fannt Dir ënnert der Billergalerie.

Lëscht u Spiller

Atari Arcade

  • Akka Arrh
  • Asteroids
  • Asteroids Deluxe
  • Black Widow
  • Breakout
  • Centipede
  • Cloak & Dagger
  • Crystal Castles
  • Fire Truck
  • Food Fight
  • Gravitar
  • I, Robot
  • Liberator
  • Lunar Lande
  • Major Havoc
  • Maze Invaders
  • Millipede
  • Missile Command
  • Pong
  • Quantum
  • Space Duel
  • Sprint 8
  • Super Breakout
  • Tempest
  • Warlords

Atari Reimagined

  • Haunted Houses
  • Neo Breakout
  • Quadratank
  • Swordquest: AirWorld
  • VCTR-SCTR
  • Yars' Revenge Enhanced

Atari 800

  • Bounty Bob Strikes Back!
  • Caverns of Mars
  • Food Fight
  • Miner 2049er

Atari 2600

  • 3-D Tic-Tac-Toe
  • Adventure
  • Air-Sea Battle
  • Asteroids
  • Basic Math
  • Breakout
  • Canyon Bomber
  • Centipede
  • Combat
  • Combat Two
  • Crystal Castles
  • Dark Chambers
  • Demons to Diamonds
  • Dodge 'Em
  • Fatal Run
  • Gravitar
  • Haunted House
  • Millipede
  • Miner 2049er
  • Missile Command
  • Outlaw
  • Quadrun
  • Race 500
  • RealSports Baseball
  • RealSports Basketball
  • RealSports Boxing
  • RealSports Football
  • RealSports Soccer
  • RealSports Tennis
  • RealSports Volleyball
  • Saboteur
  • Secret Quest
  • Solaris
  • Super Breakout
  • Surround
  • Swordquest: EarthWorld
  • Swordquest: FireWorld
  • Swordquest: WaterWorld
  • Warlords
  • Yars' Revenge

Atari 5200

  • Bounty Bob Strikes Back!
  • Millipede
  • Missile Command
  • Star Raiders (+ Enhanced Version)
  • Super Breakout

Atari 7800

  • Asteroids
  • Basketbrawl
  • Centipede
  • Dark Chambers
  • Fatal Run
  • Ninja Golf
  • Scrapyard Dog

Atari Handheld

  • Touch Me

Atari Jaguar

  • Atari Karts
  • Club Drive
  • Cybermorph
  • Evolution Dino Dudes
  • Fight For Life
  • Missile Command 3D
  • Ruiner Pinball
  • Tempest 2000
  • Trevor McFur In The Crescent Galaxy

Atari Lynx

  • Basketbrawl
  • Malibu Bikini Volleyball
  • Scrapyard Dog
  • Super Asteroids & Missile Command
  • Turbo Sub
  • Warbirds