An de leschte Joren hu Simulatioune wéi "Anno" oder "City Skylines", an deenen ee seng eege Stad opbaue kann, sech grousser Beléiftheet erfreet.

Railgrade ass dobäi allerdéngs net mat deenen zwou etabléierte Gréissten an der Welt vun de Simulatiounen ze vergläichen, obschonns d'Spill dat selwecht Zil verfollegt: Mat begrenzte Ressourcë muss ee probéieren, e grousst Handelsimperium opzebauen an duerch de Cashflow seng Stad ze vergréisseren, souwéi de Profit vun der Produktioun ze maximiséieren. Mir mussen zouginn, datt et bis elo net vill Ënnerscheeder zu Anno oder anere Simulatioune gëtt, allerdéngs fält engem direkt am Menü e risegen Ënnerscheed op...

Railgrade bitt de Spiller nämlech just ee Spillmodus un. Dësen ass de Story-Modus, deen aus verschiddene Regiounen, spréch Levelen, besteet. Deemno gëtt et keen Endlos-Modus am Spill, well een eben op ville klénge Levele spillt, wouduerch ee keen zesummenhänkend Spill huet.

Am Story-Modus vu Railgrade iwwerhëlt een d'Roll vun engem Chef-Ingenieur vum Betrib Nakatani Chemicals, deen op e kolonialiséierte Planéit strofversetzt ginn ass. Op dësem Planéit ass et ons Aufgab an deene verschiddene Levelen d'Wirtschaft an d'Produktioun vun dëse Regiounen unzekuerbelen an d'Ressource vum Planéit domadder gewënnbréngend, fir de Konzern a fir onsen Heemecht-Planéit ze notzen. Dëst gëtt realiséiert andeems mir Industrië bauen, déi mer mat Schinnennetzer verbannen, fir datt d'Produite vun A op B komme kënnen.

D'Schwieregkeet am Spill besteet deemno dorausser den Zuchverkéier ze managen, fir datt d'Gidder vun den eenzelen Industrien zu anere Firme bruecht ginn, fir datt dës do weiderverschafft ginn, fir se vun do aus direkt bei en Hafen ze transportéieren, vun deem se dann exportéiert kënne ginn.

Dëst ass am Fong geholl och schonn de ganze Gameplay deen d'Spill ze bidden huet. Natierlech bléift d'Spill no deenen éischte Levelen net ganz esou simpel, wéi een elo unhuele kéint. Wat ee méi wäit am Spill viru kënnt, wat et ëmmer méi Industrië gëtt, wat och bedeit, datt den Zuchverkéier ëmmer manner iwwersichtlech gëtt an datt d'Zuchverbindungen sech ëmmer méi iwwerschneiden. Fir dësem Problem Meeschter ze ginn, gëllt et da Léisungen ze fannen. Esou muss een dann ëmmer nees nei Zuchverbindungen op d'Been stellen, fir datt den Zuchverkéier ni un d'Stoe kënnt. Dëst natierlech ëmmer mat engem Zäitdrock am Genéck. Weider verännert sech jee no Regioun och de Buedem op deem e senge Schinne baue muss, wat dozou bäidréit, datt een a verschiddene Regiounen d'Zich nëmmen um Buedem respektiv op Brécke fuere loosse kann. Weider ginn et och Hindernisser, déi ee mat den Zich ëmfuere muss, wat d'Situatioun fir de ganzen Trafic ze managen net vereinfacht.

Am Spillverlaf schalt een och ëmmer méi Zich a Waggone fräi, déi méi performant, awer och méi deier am Ënnerhalt sinn. Da gëllt et als Spiller ofzeschätzen, ob ee villäicht seng Gidder méi lues, awer dofir méi bëlleg duerch d'Géigend transportéiere wëll oder ob ee villäicht d'Industrien, déi méi wäit vum Zentrum fort sinn, mat méi séiere Lokomotive verbanne wëll. Am Spill selwer verdéngt ee sech och sougenannte Couponen, mat deenen et méiglech ass sech onofhängeg vum Spillofschnëtt Lokomotiven oder Verbesserunge fir d'Industrien ze kafen, déi een dann an de Levelen asetze kann. Sollt een an engem Level eng Kéier a finanziell Schwieregkeete geroden, gëtt et eng Bank bei där ee sech Suen ausléine kann, déi een allerdéngs ni zréckbezuele muss. Domadder kann een natierlech de Spillprinzip aushiewelen a sech ëmmer am Ufank vun engem Level vill Sue beschafen, déi een dann, ouni Restriktiounen, notze kann. Dëst ass natierlech e groussen negative Punkt um Spill, mä et muss een dësen, an onsen Ae Feeler, jo net zwéngend ausnotzen.

Railgrade ass domadder keng typesch Simulatioun obschonns déi wichteg Punkte vun enger Wirtschaftssimulatioun agehale ginn. Am Ufank war ech dem Spill éischter skeptesch géigeniwwer agestallt, well et ebe keen Endlos-Modus gëtt, wat ech fir Simulatiounsspiller komesch fannen. Mä wat ech d'Spill ëmmer méi gespillt hunn, ëmsou besser hunn ech dës Decisioun vun den Entwéckler fonnt. Am Endeffekt dinn dës eenzel Level dem Spillprinzip gutt. Déi méi schwéier Level daueren um Enn vum Spill am Duerchschnëtt eng Stonn, wat fir mech eng optimal Méiglechkeet ass, fir d'Spill ëmmer nees sporadesch ze spillen an no engem Level nees op d'Säit ze leeën. Esou ass een net gezwongen d'Spill laang um Stéck ze spillen. Doriwwer eraus kritt een an all Level eng nei Chance an et muss een d'Scholden aus de Levele virdrun net mat huelen. Esou verléiert een, och wann ee Level eng Kéier net gutt gelaf ass, net direkt d'Loscht um Spill. Den eenzege Kritikpunkt, nieft dem Bankesystem, ass d'Story u sech. Dës ass onspektakulär, langweileg an d'Storyline ass esou offensichtlech, datt ee keng Literaturwëssenschafte muss studéiert hunn, fir ze wëssen, op wat dat Ganzt erausleeft. Allerdéngs hält d'Spill dat wat et versprécht an et ass fir Fans vu Wirtschaftssimulatiounen e Muss!

Railgrade ass souwuel fir de PC wéi och fir d'Nintendo Switch erauskomm an et kann een d'Spill ausschliisslech digital kafen. Dobäi kascht d'Spill op béide Plattformen 19,99€.