An Etüde gouf festgehalen, datt d'Handelsversioune vun de Videospiller ëmmer manner beléift ginn an datt d'Leit d'Spiller ëmmer méi dacks digital kafen.

Fir vill nostalgesch Sammler sinn dës Etüde wuel e Stéch an d'Häerz, mä och d'Publisher an d'Videospill-Entwéckler hunn dësen Trend erkannt a wiesselen elo komplett op Digital. Esou huet Electronic Arts Däitschland en Donneschdeg an engem Communiqué matgedeelt, datt een an Zukunft keng Spiller méi vun hinne physesch am Buttek kafe kéint, mä datt si d'Spiller elo just nach als Download-Code oder als digital Versioun an de jeeweilegen Online-Shoppe an de Verkaf brénge wäerten.

Experte gesinn doranner eng Reaktioun vum Betrib op déi rout Zuelen, déi de Betrib all Joer op en Néits schreiwe géing. Experte mengen, datt een domadder Käschte fir den Transport, fir d'Produktioun a fir d'Verdreiwe vun de Videospiller spuere wéilt, déi een dann entweder spueren, bezéiungsweis aneschters investéiere kéint.

Réischt viru Kuerzem hat Activision Blizzard och ugedeit, datt een doriwwer nodenke géif, ob physesch Versioune vun de Spiller iwwerhaapt nach eng Zukunft hätten. Deemno ass dovunner auszegoen, datt an deenen nächste Joren nach weider Entwéckler op dësen Zuch wäerten opsprangen an hir Spiller just nach digital verdreiwe wäerten.