Engem Rapport vun der Zeitung Business Insider no, hätt Microsoft méi wéi 1.000 Mataarbechter gekënnegt, déi virun allem am Xbox-Service geschafft hunn.

Donieft sollen awer och Aarbechter aus de Gruppen "Microsoft Strategic Missions and Technology" an "Mission Engineering" entlooss gi sinn, déi ënnert anerem am Beräich vun der Weltraumtechnologie gefuerscht hunn. Si krute per E-Mail vu Microsoft Bescheed gesot, datt si sech eng aner Aarbecht siche missten.

Am Gaming-Beräich ass et den Entwéckler-Studio Alpha, dee sech op cloud-baséiert Krichspiller spezialiséiert huet, dee besonnesch uerg vun den Entloossunge betraff ass. Hei huet Microsoft esou vill Aarbechter entlooss, datt den Entwéckler huet misse seng Dieren zoumaachen. De Greg Chapmann, de Chef vum Studio, gëtt wéi follegt op Twitter zitéiert: "Dat war eng Aventure. Haut gouf ech a meng ganz Ekipp entlooss. 12 Joer schaffen ech bei Microsoft an zënter 25 Joer am Gaming-Beräich. Detailer komme geschwënn, wann ech de Schock verdaut hunn."

Wat Microsoft genee domadder bezweckt ass nach net gewosst, allerdéngs ginn Experten dovunner aus, datt dëst deen éischte Schrëtt vu Microsoft kéint sinn, fir sech vum Gaming op de Konsolen ze distanzéieren a fir sech méi a Richtung Smartphone- a Casual-Spiller ze entwéckelen.