Videospillentreprise probéiere schonn zënter Joren de Virtual-Reality-Marché fir sech ze gewannen. Allerdéngs ass dëst nach kengem esou richteg gelongen.

Sony huet d'Hoffnung, datt d'Virtual Reality, och nach VR genannt, e grousse Surplus fir d'Videospillindustrie ka sinn, allerdéngs nach net opginn a wot e weidere Versuch, fir dës Zort vu Brëller an der Gaming-Welt ze implementéieren. Esou huet Sony ufanks November an engem Communiqué matgedeelt, datt een d'PlayStation VR2, e fonkelneie VR-Gaming-Brëll, am Februar 2023 op de Marché brénge wäert.

Dëse Brëll soll eegenen Aussoen no de ganze VR-Marché an der Videospill-Welt revolutionéieren. Dëst well de Brëll eng sëlleg nei Innovatiounen opzeweisen hätt. Esou géif de Brëll e gewëssen haptesche Feedback ginn, dee verhënnere géif, datt et de Notzer schlecht géif ginn, wa si am gaange wiere mam Brëll ze spillen. Deemno wier déi sougenannten "Motion Sickness" mam neie VR-Brëll net méi méiglech. Doriwwer eraus huet den neie Brëll en HD-Rumble-Feature, wat d'Spillgefill esou realistesch wéi nach ni virdru maache géif. Weider wier et Sony gelongen en Eye-Tracking-System an de Brëll anzebauen, wat de Software-Entwéckler nei Méiglechkeete géif ginn, fir Spiller ze entwéckelen.

De Startschoss fir d'PlayStation VR2 fält iwwerdeems den 22. Februar 2023. Da kënnen d'Fans vun der virtueller Realitéit den neie Brëll an de Buttek kafe goen. Wien allerdéngs net waarde kann, dee ka sech de Brëll vum 15. November un am PlayStation Store fir ronn 600€ virbestellen.

Experte ginn allerdéngs dovunner aus, datt de VR-Brëll eleng opgrond vum Präis keng gréisser Zukunft huet, an datt d'VR sech op en Néits net an der Gaming-Welt duerchsetze wäert.